Biologie
Département de biologie
Contact: Tel: 819201-700
E-mail: bio at ltett.lu
Mir stellen eis vir.
Am Moment si mir zu 8 Biosprofesseren

Kummer Sylvie, Schmidt Daniel, Ludwig May, Krack Viviane, Marx Thierry
Kugeler Mia, May Iris
Mir ginn ënnerstëtzt vun eisem Appariteur Gianni Carulli
D’Infrastruktur am Biosdepartement
Eis Klassesäll:
Een Auditoire (028A).
Hei gi Coursen gehal fir all Klassen déi Biologie um Programm hunn.
Wéinst dem Opbau vum Sall fannen hei haaptsächlech theoretesch Coursen statt, déi duerch Demonstratiounsversich an duerch d’Präsentatioun vun eise ville Modeller illustréiert ginn.

Ee Sall fir Travaux Pratiques (028B)

Dëse Sall gëtt haaptsächlech fir d’travaux pratiques vun de Paramedicalsklassen a fir Optiounscoursen genotzt.
Hei e puer Beispiller vu ville flotten Aarbechten déi schonn am Sall 028B duerchgefouert gi sinn.

Ee polyvalente Sall (022)

Desen Sall erlaabt et duerch seng Infrastruktur d’Theorie mat der Praxis ze verbannen. Wéinst der aussergewéinlecher Gréisst vun dem Sall kënnen hei och speziell Unterrichtsmethoden durchgefouert gin, déi méi Plaatz brauchen wéi zum Beispill Stationenlernen. Dat ass eng Zort Gruppenaarbecht, wou e puer Aufgaben op verschiddene Statiounen ze léise sinn.

Hei gi praktesch Aarbechten an Demonstratiounsversich virbereed. Außerdeems ziichte mer eist eegend Anschauungsmaterial.

Eise Schoulgaart dee vu Schüler aus dem Schouljoer 2003/2004 während engem Optiounscours ugeluecht ginn ass. Hei gëtt et
Eng Kraiderspiral, e Weiher, deen eis Material fir flott mikroskopesch Beobachtungen liwwert, a Beeter an deene mer Geméis a Kraider uplanze kënnen.

Extra Aktiviteiten
Gesondheets- an Emweltwoch am LTEtt
D’Gesondheets- an Emweltwoch ass zanter 1995 eng Traditioun am LTEtt a gët säit 2002 vum Biologie - Departement organiséiert.
D’Schoul gët während deenen Deeg ganz besonnesch ënnert de Motto Gesondheet an Emwelt gestallt an e groussen Deel vun der Schülerpopulatioun kritt d’Méigelechkeet un deem engen oder deem aneren Atelier, Workshop oder och un enger Konferenz iwwer Themen aus dëse Beräicher deelzehuelen.
D’Aktivitéiten, déi ugebuede ginn, si ganz breet gefächert a ginn ënner anerem vum Kachen vu gesondem Iessen, a Konferenzen iwwer d' Suchtpräventioun, d’Präventioun vu berufflech bedengte Krankheeten, Depressiounen oder Gentechnik,

iwwer Relaxatiounsatelieren, 1. Hëllef-Coursen

Informatiounen iwwer Recycling an alternativ Energien

oder Selwermaachen vun Naturkosmetik bis hin zu Workshops iwwer d’3.Welt-Problematik a sozial Ongerechtegkeet oder verschidden Ausstellungen.
Niewent villen Enseignanten, déi an dëser Themenwoch am Kader vun hiere Schoulstonnen mathëllefen eis Schüler fir d’Ëmweltproblematik an d’Wichtegkeet vun enger gesonder Liewensféierung ze sensibiliséieren, däerfen mir och all Joër Mataarbechter vu verschiddenen Organisatiounen am LTEtt begréissen. Hei just e klengen Iwwerbléck aus de leschte Joëren:
Planning familial; Ministère de la Santé; Police Grand-Ducale; Croix rouge; AIDS-Berodung; Centre de recherche contre le cancer; Médecins sans Frontières; Protection Civile; Life Projekt; Handicap International; UNICEF; Caritas; Fondation Raoul Follereau; Fondation Alzheimer; Responsible Young Drivers; Institut für psychologische Gesundheitsförderung; Meederchershaus a.s.b.l.; Superdréckskëscht fir Bierger a fir Betriber, Amnesty International, Fondation luxembourgeoise contre le cancer, Musée d’Histoire naturelle,…
Déi grouss Schülerzuel, déi all Kéier bei dëser Aktioun matmecht (am Joër 2007 waren et der 941), beweist, dass d’Gesondheets- an Ëmweltwoch ëmmer erëm e Succès ass.