Comment are off

Diplomer an der Peer Mediation

DSC_2871Den 22. Mäerz hu 6 SchülerInnen vun enger 8ème hiere Certificat vum Direkter, dem Här Klein, iwwerreecht kritt. Dës Schüler hunn erfollegräich un enger Formatioun deelgeholl, an där si geléiert hunn ee Mediatiounsgespréich ze féieren. An dëser Ausbildung, déi vun dräi Mataarbechterinnen aus dem SPOS gehal ginn ass, hunn d’Schüler ënnert anerem geléiert wat et heescht an engem Team ze schaffen. Si si ganz motivéiert a freeë sech, datt si duerch hiert Engagement bei eis an der Schoul ee Stéck zu engem positive Schoulklima kënne bäidroen.

Dräi weider Schüler, déi scho méi laang aktiv am Projet Peer Mediation matschaffen, kruten och ee Certificat iwwerreecht well si hier jonk KollegInnen duerch déi ganz Formatioun mat Rot an Dot begleed hunn a soumat den dräi TrainerInnen ënnert d’Äerm gegraff hunn.

Fir dësen Erfolleg gebührend ze feieren, goufen all  d’Klassekomeroden an de Festsall invitéiert, wou si vun der Peer Mediation ee Stéck Kuch offréiert kruten. Bei dëser Geleegenheet ass awer natierlech och dovu profitéiert ginn een Opruff un all interesséiert Schüler ze maachen sech an de Projet ze mellen.

Bleift just nach ze soen, datt déi 6 nei Médiateuren am Oktober och nach en offizielle Certificat vum Ministère iwwerreecht kréien.

 

À propos de l'auteur
%d blogueurs aiment cette page :