Comment are off

LTEtt au Innovation Camp

Article L'EssentielMir soen allen Schüler, déi gëschter um Innovation Camp deel geholl hunn en groussen Merci an Felicitatiounen: Dir hutt haart geschafft an flott Konzepter proposéiert!

Hei sinn d’Gewënner vum Innovation Camp vun gëschter esouwuel wéi verschidden vun hiren Iddien :

Den Éischten Präis ass un d’Grupp « Young Consultants » gaangen. Se hunn eng Ëmstrukturéierung vun der Architektur vun der Tankstell proposéiert a Funktioun vun de Besoins vun de verschidde Clienten. Jiddereen gëtt dann méi schnell zefridden gestallt. Bravo un d’Schüler Corina Margau (Sportlycée), Miljana Pektovic (ECG), Gabriela Ferreira (LTETT), Annemarie Loewen (AL) an Kevin Thull (Sportlycée)

Den Zweeten Präis ass un d’Grupp 6 gaangen, déi et wichteg fannen dass een 24h/24h d’Méiglechkeet huet, direkt un der Tanksail ze bezuelen. Se hunn awer och proposéiert eng Entspaannungszone ze schafen, wou een vum Wifi profitéieren kéint, wei och säin Handy oplueden! Felicitatiounen un Julie Bechtel (AL), Valerie Durbach (ECG), Ann Bertemes (Sportlycée), Cindy Reis Manaia (LTETT) an Liam Schiltz (LAML)!

Den Drëtten Präis ass un d’Grupp « Youth Innovation » gaangen! Se wëllen sech fir d’Ëmwelt an fir di Jonk asetzen. Esou hunn Se Solarpannels ewéi och eng ‘Student-assistance Kaart’ proposéiert! Bravo un Stephanie Dos Anjos (LTMA), Ivanna Da Silva (LTETT), Carla Invernizzi (Lycée Ermesinde), Elena Vickerstaff (LGL) an Bob Reinert (LAML)

 

À propos de l'auteur
%d blogueurs aiment cette page :