Comment are off

Dabbel One: 800€ fir afrik. Baueren

Scheckiwwerreechung am Lycée Technique d’Ettelbruck: 800€ fir afrikanesch Baueren.

D’Mini-entreprise « Dabbel One » huet am leschte Schouljoer Fläschen aus Tritan kommerzialiséiert. Tritan ass ëmweltfrëndlech well et ass zwar Plastik, mee ouni BPA, an et ass vill méi dacks asetzbar wéi normale Plastik. An deem Sënn schreift de Projet sech an d’Linn vun der Schoul déi sech fir « Nohalteg Entwécklung » asetzt.

D’Motivatioun an den Elan vun der Mini-entreprise huet de Schüler et erméiglecht, net nëmme vill wäertvoll Erfarungen ze maachen, mee och nach de Präis vum Marketing um « Forum des mini-entreprises » ze gewannen.

Déi Suen, déi se do kritt hunn, an nach en décke Batz vun hirem Benefice, hunn se gespent un d’Associatioun « Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren Service Coopération asbl». Mat deem Scheck vun 800 € kënnen 8 “Kassinen”, e klenge Plou dee vun engem Iesel gezu gëtt, kaf ginn an esou kann « Dabbel One » hëllefen de Baueren an Afrika hier Aarbecht um Feld méi einfach ze maachen. Och dat ass nohalteg Entwécklung.

À propos de l'auteur
%d blogueurs aiment cette page :