Comment are off

Chèqueiwwerreechung Chrëschtmaart

De 17. Januar war de Patrick Birgen vun der Caritas bei eis an der Schoul fir e Chèque an Héicht vun 860€ entgéintzehuelen, déi de Flüchtlingskanner hei an der Gemeng Ettelbréck sollen zeguttkommen. Dës Suen kommen aus dem Erléis vum Chrëschtmaart. Den 19. an den 20. Dezember konnt een op 25 Stänn nach seng lescht Kaddoen kafen a sech mat Schneekegkeeten verwinnen. 15 Klassen hunn esou déi zwee lescht Schouldeeg fir verschidde Klassen virun der Vakanz e bësse méi verséisst.

Virum Chrëschtmaart huet awer och nach eng Klass eng Sammelaktioun gestart. Vu Bastel- a Spillsaachen, Sportartikelen bis Fueskleeder fir Kanner ass innerhalb vun der Schoulgemeinschaft vill beienee komm. Dës Saachen hunn déi Responsabel aus dem Foyer de 17. Januar och entgéint geholl.

Bei dëser Geleeënheet huet den Här Birgen och dovu profitéiert verschiddene Klassen ze zielen wéi de Flüchtlingen hiren Alldag hei zu Ettelbréck am Foyer ausgesäit. Hien ass och op d’Wichtegkeet vum Bénévolat agaang an huet betount datt d’Leit aus dem Foyer den Echange mat de Bierger aus der Gemeng sichen fir sech esou besser z’integréieren. Bei dësem Punkt hu sech och direkt e puer Schüler Gedanke gemaach wéi mir als Schoul eppes an dësem Sënn kënnen dozou bäidroen.

Zum Schluss huet den Här Birgen all de Klassen Merci gesot a si fir hiren Asaz gelueft.

À propos de l'auteur
%d blogueurs aiment cette page :