Comment are off

Partnerschoul vu Rennes op Besuch

De 7te Mäerz 2017 war eis Partnerschoul vu Rennes op Besuch. Rennes ass eng Stad aus der Bretagne a Frankräich.

Bei de Gäscht huet et sech ëm 2 Proffen a 32 Studenten vum « BTS Management des Unités Commerciales » gehandelt.

Eis Studenten vun der 15BED –  « BTS – Gestion d’entreprise et développement durable » hunn vun der Gelegenheet profitéiert, fir mat Hëllef vun enger Präsentatioun Lëtzebuerg, de lëtzebuergesche Schoulsystem an och den LTETT firzestellen.

Den Här Klein an den Här Monville hunn op engem Tour durech d’Gebäi de franséische Gäscht uschléissend déi eenzel Atelierën a Spezialsäll gewisen. Duerno wor eng Visite vun der Superdreckskëscht zu Colmer um Programm.

D‘ Mëttegiessen fir déi franséisch Gäscht an all d’Studenten vun der 14BED an der 15BED vum LTETT war zesummen an der Kantin vun eisem Lycée.

Duerno hunn déi jonk Leit vu Rennes hir Stad an hir Géigend presentéiert . Beim gemittlechen Probéieren vun bretonesche Spezialitéiten – Iessen an Drenken – huet déi sympathesch Visite am Nomëtteg e frëndschaftlecht Enn fonnt.

À propos de l'auteur
%d blogueurs aiment cette page :