Comment are off

Project Management Awards!

De 27. Juni 2017 goufen an der Chambre de Commerce d’Project Management Awards 2017 verdeelt, eng Initiative vun de Jonken Entrepreneure mam Zil de Projektmanagement ze fërderen. Den LTETT wor mat 5 Equipe vertrueden, déi hir Projeten, déi si an dësem Schouljoer op 12e CC an 12e CG ausgeschafft hunn, net nëmmen anere Schüler, mee och engem Jury virgestallt hunn. 

Nodeems insgesamt 25 Projete presentéiert goufen, stoungen déi 3 Gewënner an de Kategorië Soziales, Ekonomesches a Kulturelles fest. Den LTETT war ënnert de gléckleche Gewënner an d’Equipe « Plug it up » huet net nëmmen de Präis fir de beschte Projet am kulturelle Beräich gewonnen, mee krut och nach en Extra-Präis, mat deem besonneschen Entrepreneursgeescht gewierdegt gëtt. Och wann net all Grupp gewanne konnt, waren déi bedeelegt Schüler a Proffen awer alleguer begeeschtert vun de villfältegen Erfarungen, déi si am Kader vun dëse Projete sammele konnten.

À propos de l'auteur
%d blogueurs aiment cette page :