Comment are off

Botschafterschoul vum Europäesche Parlament

Den 3. Juli krut de LtEtt offiziell de Certificat „Botschafterschoul vum Europäesche Parlament“ iwwerreecht an dëst a Präsenz vun den EU-Deputéierte Georges Bach, Frank Engel a Charles Goerens an dem Här Christophe Schroeder vum Lëtzebuerger Informatiounsbüro vum Europäesche Parlament.

Plaquette gouf an Empfang geholl vum Directeur adjoint Yves Monville, 15 Juniorambassadors (Ruf Tamara, Zinnen Marc, Nilles Tom, Zhu Richard, Oly Charel, Wollmering Ken, Reiser Gilles, Martins Carrico Danny, Dubos Julien, Thilmany Valéria, Dodici Karina, Hozay Lynn, Paulos Tiago, Costa Alexandre, Tavares David) a siwe Seniorambassadors (Penny Alain, Ketter Jean, Fohl Danielle, Linster Sandra, Rassel Nadine, Krettels Véronique).

Juniorambassadors hun déi eenzel Aktivitéite virgestallt déi am Cader vum EPAS Projet dëst Schouljoer gelaf sinn, e.a. eng Visite vum éischte Plenarsall vum Europäesche Parlament um Kierchbierg mat engem Meenungsaustausch mat dem EU-Deputéiert Här Goerens; e Simulatiounsspill, wei Decisiounen op EU-Niveau geholl ginn zum Thema Integratioun vu Flüchtlingskanner an der Schoul; eng Ëmfro, wou 150 Schüler befrot goufen an esou e Stëmmungsbarometer zu Europa erstellt gouf; verschidde Filmer déi sech mat der Fro beschäftege „Pulse of Europe – Wat ass fir dech Europa?“; eng Broschür mat philosopheschen Essayen iwwert déi europäesch Idee; Entworf vun engem Logo fir de LtEtt als Botschafterschoul; den Erasmus + Projet huet sech och mat der Fo auserneegesat wat ass Heemecht iwwerhaapt; Installatioun vum Infopoint « Europaecke » mat Informatiounsmaterial, enger Sëtzgeleeënheet fir e flotten Meenungsaustausch an enger Littfacesäule wou Resultater a Produktioune vum EPAS-Projet der Schoulcommunautéit zougänglech gemaach goufen…

À propos de l'auteur
%d blogueurs aiment cette page :