Comment are off

Wat ass « Gesundheit 4.0 »?

Den Erasmus+ Projet « Gesundheit 4.0 » (September 2017- September 2019)

An eisem haitege Liewe mat all senge sozialen, ekonomeschen a schoulesche Facetten, begéine d’Schüler stänneg nei Erausfuerderungen, déi hir physesch a mental Gesondheet beaflossen. Duerch eng ëmmer méi grouss Mediatisatioun vun der Welt an d’Globaliséierung bis bei d’Entwécklung vun der 4. Industrieller Organisatioun, muss net nëmmen d’Technologie ugepasst ginn, mais och d’Leit musse méi effikass fonctionnéieren an trotzdeem nach gesond bleiwen.

Och wann déi verschidde Ministèren, d’Cantinespersonal, vill eenzel Enseignanten ëmmer erëm d’Wichtegkeet vu gesondem Liewensstil mat adequater Ernärung, genuch Beweegung an ouni Suchtverhalen an ze vill Stress hiweisen, gesi mer awer ëmmer erëm an eisem Alldag mat de Schüler, dass dat fir déi meescht guer keng Selbstverständlechkeet ass. Vill vun eise Schüler iesse just Chips an der Mëttespaus, verséisse sech d’Liewe mat Softdrinks an am schlëmmste Fall Energy drinks, oder souguer Alkohol. Och wann ee mengt Fëmme wier aus der Moud komm, ginn et ëmmer nach vill ze vill Fëmmerten, och bei eis an der Schoul. Iwwerdriwwene Mediekonsum, stonnelaangt Spille virun engem Ecran féieren oft zu déifgräifende psychologeschen a physesche Stéierunge bei Jugendlechen an och jonken Erwuessenen. Scho laang ass gewosst, dass een d’Responsabilitéit vu enger gesonder Liewensweis net kann dem Schouldokter an de Spezialisten iwwerloossen, mais dass all d’Acteuren an der Schoul mussen un engem Strank zéie fir eis Schüler ze sensibiliséieren fir hir eege Gesondheet an de Mëttelpunkt ze stellen.

Aus dësen an ähnlechen Iwwerleeungen eraus ass de Projet Gesundheit 4.0. entstanen. Enseignanten aus 5 verschiddene Schoulen a 5 verschiddene Länner schaffen zesummen un dëser Problematik. Flekkefjord/Kvinesdal an Norwegen (Flekkefjord Videregäende Skole), … a Polen, Bielefeld an Däitschland (Rudolf Rempel Berufsschule), Wien an Eistraich (IBC Hetzendorf) an Ettelbréck zu Lëtzebuerg (LTETT)

Den Erasmus+ Projet Gesundheit 4.0 (September 2017- September 2019)

An eisem haitege Liewe mat all senge sozialen, ekonomeschen a schoulesche Facetten, begéine d’Schüler stänneg nei Erausfuerderungen, déi hir physesch a mental Gesondheet beaflossen. Duerch eng ëmmer méi grouss Mediatisatioun vun der Welt an d’Globaliséierung bis bei d’Entwécklung vun der 4. Industrieller Organisatioun, muss net nëmmen d’Technologie ugepasst ginn, mais och d’Leit musse méi effikass fonctionnéieren an trotzdeem nach gesond bleiwen.

Och wann déi verschidde Ministèren, d’Cantinespersonal, vill eenzel Enseignanten ëmmer erëm d’Wichtegkeet vu gesondem Liewensstil mat adequater Ernärung, genuch Beweegung an ouni Suchtverhalen an ze vill Stress hiweisen, gesi mer awer ëmmer erëm an eisem Alldag mat de Schüler, dass dat fir déi meescht guer keng Selbstverständlechkeet ass. Vill vun eise Schüler iesse just Chips an der Mëttespaus, verséisse sech d’Liewe mat Softdrinks an am schlëmmste Fall Energy drinks, oder souguer Alkohol. Och wann ee mengt Fëmme wier aus der Moud komm, ginn et ëmmer nach vill ze vill Fëmmerten, och bei eis an der Schoul. Iwwerdriwwene Mediekonsum, stonnelaangt Spille virun engem Ecran féieren oft zu déifgräifende psychologeschen a physesche Stéierunge bei Jugendlechen an och jonken Erwuessenen. Scho laang ass gewosst, dass een d’Responsabilitéit vu enger gesonder Liewensweis net kann dem Schouldokter an de Spezialisten iwwerloossen, mais dass all d’Acteuren an der Schoul mussen un engem Strank zéie fir eis Schüler ze sensibiliséieren fir hir eege Gesondheet an de Mëttelpunkt ze stellen.

Aus dësen an ähnlechen Iwwerleeungen eraus ass de Projet Gesundheit 4.0. entstanen. Enseignanten aus 5 verschiddene Schoulen a 5 verschiddene Länner schaffen zesummen un dëser Problematik: Flekkefjord/Kvinesdal an Norwegen (Flekkefjord Videregäende Skole), Polen, Bielefeld an Däitschland (Rudolf Rempel Berufsschule), Wien an Eistraich (IBC Hetzendorf) an Ettelbréck zu Lëtzebuerg (LTETT).

Danielle Fohl

 

À propos de l'auteur
%d blogueurs aiment cette page :