Comment are off

« Gesundheit 4.0 » an Norwegen

(Flekkefjord/Kvinesdal)  Fir dat éischt Koordinatiounstreffen sinn d’Madame Sandra Linster, d’Madame Edite Lopes an d’Madame Danielle Fohl vum 16. Oktober bis den 19. Oktober op Kvinesdal an Norwegen gefuer fir do e geneeë Vademecum vum Projet Gesundheit 4.0 auszeschaffen.

Schon am Virfeld hate mir, sou wéi all déi aner Partnerschoulen och schon eng ganz prezis Ist-Analyse gemaach fir ze kucke wat scho gemaach gëtt fir d’Schüler ze sensibiliséieren fir méi e gesond Liewen ze féieren.

Nodeems mer eis de 16. Oktober schon owes informell mat de Partnerschoulen ausgetosch haten, hu hir ab Dënschdes moies d’Haaptpunkte vun dësem Erasmus-Projet diskutéiert. Et goung dobäi virun allem em Ziler, Project Management, d’eTwinning Plattform, de Budget a schlussendlech och drëms wéi mer sollten eis Aarbecht evaluéieren. Mir hun och d’Modeller vum Bandura a vum Antonovsky analyséiert a gekuckt, wéi si eis als theoreteschen Hannergrond kéinten nëtzlech sinn.

Mir hun an dem Kontext och en Tour duerch d’Schoul gemaach a gesinn dass och dës Partnerschoul  an der Beruffsausbildung integrativ, dat heescht projetsbezunn éischter wéi fächerbezunn schafft. Mir hun awer och fonnt, dass een dee Site vun der Schoul, wou nëmmen 120 Schüler ausgebilt ginn, net wierklech kéint mat méi enger grousser Schoul wéi dem LTETT vergläichen, och wa verschiddener vun hiren Iddien a Methoden wierklech interessant waren.

Nodeems all d’Schoulen hir Ist-Analyse presentéiert haten hu mir festgestallt, dass mir trotz all deenen Efforten op der ganzer Linn nach ëmmer vill Schüler net erreechen. Mir hun doropshin decidéiert weider Moossnamen an de Beräicher Beweegung, Ernärung, Suchtpräventioun a Stressbewältegung ze ergräifen an Unterrëchtseenheeten zu deenen Themen ze erschaffen an auszeprobéieren fir se dann um nächsten Treffen am Mäerz 2018 zu Wien ze presentéieren.

Zum Schluss hu mir och e Questionnaire fir d’Schüler ausgeschafft, fir Weideres iwwert hier Liewensweis erauszefannen an esou eis Analyse ze verdéiwen. Des weideren gëtt an all Partnerschoul e Concours ausgeschriwwen fir e Logo fir de Projet Gesundheit 4.0 ze fannen. D’Auswäertung vum Questionnaire an de Gewënner vum Concours gi beim nächsten Treffen zu Wien ermëttelt.

Wéi dat sou üblech ass hu mir eist Projetstreffen mat engem kultuellen Evenement ofgeschloss a sinn de Site vum Liichttuerm vu Lindesnes kucke gaangen. Dee Site läit un der südlechster Spëtzt vun Norwegen an ass virun allem wéinst senger Natur a senger historescher Wichtegkeet fir d’Séifaart bekannt. No enger leschter Nuecht zu Kristiansand hu mir d’Heemrees erëm ugetrueden a vill nei Impressiounen, Iddien a Motivatioun mat heem bruecht.

À propos de l'auteur
%d blogueurs aiment cette page :