Comment are off

Schülercomité 2017/18

Den 10. Juli 2018 hat de Schülercomité seng lescht Versammlung fir dëst Schouljoer. An dëser Versammlung ass de Bilan vum Schouljoer 2017/18 gemaach ginn an déi nei Iddien fir d’Schouljoer 2018/19 si virgestallt ginn. Op Wonsch vum Schülercomité ass d’Madame Rassel an dës Versammlung invitéiert ginn. Si wäert d’nächst Joer d’Begleedung vum Schülercomité an Zesummenaarbecht vum neien Service éducatif iwwerhuelen. Zum Schluss kruten d’Schüler nach e Certificat iwwerreecht. Mir soen dem Schülercomité villmools Merci fir hieren Engagement a wënschen alle Schüler, Enseignanten a Personal vum LTEtt eng schéin an erhuelsam Vakanz.

À propos de l'auteur
%d blogueurs aiment cette page :