Comment are off

3GTG2 op Visitt zu Stolzebuerg

De 4te Juli waren t’Schüler vun der 3GTG2 zesummen mat hire Proffen op Visitt zu Stolzebuerg. Fir t’Éischt goung et op t’SEO, wou t’Schüler en Abléck an de Fonctionnement vun dem elo leider nëmmen nach zweetgréisst Pompelspäicherwierk aus Europa kruten. No enger gudder Kascht zu Veianen ass et dunn weider an t’Koffergrouf zu Stolzebuerg gaangen. Hei kruten t’Schüler e Crashkurs an der Geologie. Duerno ass et dunn iwwert en idyllesche Wee Richtung Koffergrouf gaangen, wou t’Schüler mat dem richtegen Equipement dunn och an di verwénkelt Hiel andauchen konnten. Insgesamt e flotten Ausfluch mat enger ganz sympathescher Klass aus dem LtEtt.

 

À propos de l'auteur
%d blogueurs aiment cette page :