Comment are off

Schachklub

Denksport! Zesumme mat engem Trainer versiche mir iech dëst Spill a senger ganzer Logik an Ästhetik ze erklären.

Wien ka matmaachen? Jiddwereen
Verantwortlech Persoun/en sse@ltett.lu

Büro 131

Kuerzbeschreiwung vum Projet Zesumme mat engem Trainer, dem Jean-Paul Mootz, versiche mir iech dëst Spill a senger ganzer Logik an Ästhetik ze erklären.

Zousätzlech Schachatelieren (Videoanalysen, Schach-Bicher a -PC, Logik-Spiller,…) erméiglechen iech sech op all Schwieregkeetsgrad weider ze bilden.

Zil vum Projet Den LTETT huet 2018/2019 säin éischte Schachclub gegrënnt a wëll dëse Sport net nëmmen ubidde mä och säi Kënnen no baussen demonstréieren andeems mir eis Faarwe bei Lëtzebuerger Schoulturnéiere representéieren.

All Schüler, deen un dësem Denksport interesséiert ass, ass häerzlechst wëllkomm.

Unzuel vu Schüler (min/max) Den LTEtt Schachclub huet keng Uewergrenz.
Wou sinn d’Treffen? Sall 105
Wéini sinn d’Treffen ? Donneschdes, vun 12:00 bis 13:00
Lafzäit vum Projet
Mir trainéieren 1 x d’Woch dat ganzt Schouljoer iwwer.
Umeldung bis ? Eng Umeldung am lafende Schouljoer ass zu all Zäitpunkt méiglech.

 

 

 

À propos de l'auteur
%d blogueurs aiment cette page :