Comment are off

Schüler hëlleft Schüler

Nohëllef vu Schüler fir Schüler

Wien ka matmaachen? Schüler vu 7e bis 4e kréie Nohëllef

Schüler vun 3e an 2e ginn Nohëllef

Verantwortlech Persoun/en FLIES Monique / monique.flies@ltett.lu
Kuerzbeschreiwung vum Projet Op Ufro beim Verantwortlechen, kënne Schüler (7e-4e) individuell Nohëllef bei engem anere Schüler (3e-2e, heiansdo och vu 4e) kréien. Meeschtens sinn et d’Haaptfächer, all anert Fach ass awer och méiglech.

Dofir treffen d’Schüler sech an engem Klassesall (139). De Schüler dee Nohëllef gëtt, bereet sech no Bedarf selwer vir a schafft d’Lerninhalter mat deem anere Schüler op. Et kascht 10 Euro, déi direkt un deen anere Schüler bezuelt ginn.

Zil vum Projet Fir de Schüler, dee Nohëllef kritt:

  • Individuell Nohëllef
  • Peer to peer
  • Déi gesaten Ziler fir dat Schouljoer erreechen
  • Ergänzung zu der ‚Schëpp drop‘
  • Sech traue Froen ze stellen

 

Fir de Schüler, deen d’Nohëllef gëtt:

  • Verantwortung iwwerhuelen
  • Sech an engem Fach virbereeden
  • Method vun der Wëssensvermëttlung un deen anere Schüler adaptéieren
  • Ee klengt Täschegeld verdéngen
Unzuel vu Schüler (min/max) individuell
Wou sinn d’Treffen? 139 oder anere Sall
Wéini sinn d’Treffen ? Ee festen Dag an eng fest Auerzäit no Ofsprooch (all Dag an der Mëttegpaus oder no 15h ass méiglech)
Lafzäit vum Projet 1 Trimester
Umeldung bis ? Bis d’Päischtvakanz
À propos de l'auteur
%d blogueurs aiment cette page :