Comment are off

Streetfood (Kachworkshop)

Mir kachen zesummen am A104 a probéieren verschidden séier, einfach a gesond Rezepter aus.

Wien ka matmaachen? Jidderee vu 7ème bis 1ère
Verantwortlech Persoun/en

(Numm, E-Mail)

Martini Stéphanie / Bauer Kim (Service Socio-Educatif)

Mail : sse@ltett.lu

Kuerzbeschreiwung vum Projet Mir kachen zesummen a probéiere verschidde séier, einfach a gesond Rezepter aus.

 

Streetfood= « Ausdruck für Speisen und Getränke, die für eine Zwischenmahlzeit entweder von einem fahrbaren Verkaufsstand aus auf einer öffentlichen Verkehrsfläche, auf einem Markt oder Jahrmarkt angeboten oder unterwegs beim Aufenthalt auf einer öffentlichen Verkehrsfläche verzehrt werden. Meist wird das Essen vor den Augen des Käufers zubereitet oder fertiggestellt. »

 

Dësen Trend huet seng Urspréng a Südamerika an an Thailand.

Zil vum Projet Léieren eng séier a gesond Moolzecht zouzebereede fir dem Fast Food am negative Sënn entgéint ze wierken. Néi Liewensmëttel, Produiten a Gewürzer kenneléieren. Theme wéi Fairtrade an Nohaltegkeet spillen natierlech eng grouss Roll béi dësem Projet. D’Schüler sollen hiert Wëssen iwwert d’Hierkonft an d’Produktioun vu verschiddene Produiten erweideren.

 

Diskussiounen iwwert déi verschidde Länner an hire kulturellen Hannergrond.

Unzuel vu Schüler (min/max) Maximum 10 Schüler
Wou sinn d’Treffen? An der Kichen an der Annexe A104

(am Lycée Technique Agricole)

Wéini sinn d’Treffen?

(Dag, Auerzäit)

Ëmmer Fréides vun 15.00-17.00/17.30 Auer

(eventuell och e bëssen méi laang)

Lafzäit vum Projet Bis no der Päischtvakanz
Umeldung bis ?

(Datum)

Bis Mëttwochs an där selwechter Woch

(2 Deeg virdrun)

À propos de l'auteur
%d blogueurs aiment cette page :