Comment are off

Ofschlossfeier vun de classes inférieures


Net nëmmen déi Grouss vu Première haten hir Ofschlossfeier a kruten Diplomer, mee et gouf am LTEtt och fir d’éischt eng speziell Feier fir déi méi jonk Schülerinnen a Schüler. Déi Jonk vu 7e-9e respektiv 4e, déi sech am Laf vum Schouljoer 2017-2018 an de Coursen extra gutt ugestrengt haten, kruten e klenge Cadeau als Unerkennung fir hir Aarbecht. Mee och besonneschen Asaz ausserhalb vum Cours gouf belount an déi Schülerinnen a Schüler, déi sech z.B. am Kader vun Optiounen oder europäesche Projeten engagéiert haten, kruten en Zertifikat. Encadréiert gouf dës Feier duerch e Grupp vu jonke Museker aus dem Conservatoire du Nord, déi duerch hire rockege Bäitrag och Reklamm fir dem CMNord seng nei TEENZ-Musekscourse maache konnten. Um Enn vum Mëtten haten déi Jugendlech, hir Elteren an d’Schoulpersonal nach Geleeënheet, bei engem vun de Schülerinnen a Schüler selwer preparéierte Buffet, e bëssi ze poteren, éier et dunn an d’Vakanz gaangen ass.

      

À propos de l'auteur
%d blogueurs aiment cette page :