Comment are off

Kick off event vun der neier Sektioun

Den 24. September hunn sech 10 Schüler an 10 Proffen bäi engem Kick off event besser kennegeléiert. Mam Zuch sinn se vun Ettelbréck op Miersch gefuer, duerno ass et vum Bierengerbierg zu Fous Richtung Fiels gaangen.

Ënnerwee waren eng Rei Aktivitéiten fir sech an Themen vun der Sektioun besser kennenzeléieren. Um hallwer 4 ass de Grupp an der Fiels an der Jugendherberge ukomm. Hei goufen d’Projet’en an Themen vun der neier Sektioun nach emol opgegraff.

À propos de l'auteur
%d blogueurs aiment cette page :