Comment are off

Streetfood-Burger (17.+19.10.2018)

De lëschte Mëttwoch a Freide goufen am Streetfood Workshop klassesch Hamburgere gemaach an déi Schüler déi sech ageschriwwen haten hunn sech Méi gi fir hiren eegene Burger sou lecker wéi méiglech ze gestalten. Matt oder ouni Kéis oder Geméis, an Häerz-oder quadratescher Form…jiddereen hat d’Méiglechkeet säi perséinleche Burger ze kreéieren. Déi nächst Woch steet dann, passend zu der Joreszäit, déi berühmte Kürbiszopp um Programm. An dësem Workshop kann ee sécher nach eppes bäiléieren.

À propos de l'auteur
%d blogueurs aiment cette page :