Comment are off

3. Koordinatiounstreffen zu Ettelbréck

 

3. Koordinatiounstreffen zu Ettelbréck vum 25. September bis den 28. September 2018

Nodeems alleguerten d’Partner aus deene verschiddene Länner ugereest waren, hu mir eis Dënschdes Owes fir d’éischt informell an der Bar vum Hotel Dahm zu Ierpeldeng begéint fir eis auszetauschen.

Mëttwochs hu mir de Moien mat enger gläich duebeler Begréissung duerch d’Direktioun ugefaangen a sinn dann och direkt op d’Presentatioune vun deene verschiddene Schoule komm. Mir hunn eis do viru allem op d’Verännerunge vun der Schoulsituatioun a Bezuch op Gesondheet konzentréiert.

D’Partner vu Bielefeld hunn eis dono erkläert dass si de Projet zu Como an Italien op der Efvet Konferenz vertrieden. Si hunn och dofir e Flyer konzipéiert, deen och all Land ka bei hinne bestellen.

Des weideren huet all Land presentéiert wat bei hinnen am Kontext vun der Gesondheet geschafft ginn ass. Et ware vill flott Projeten derbäi: Et goung vum gemeinsamem Kachen an Iesse preparéieren bis bei d’Erstellung an d’Erschaffe vun Nahrungsmëttelpyramiden and Nahrungsmëttelkreessser. Bei verschiddenen Aktivitéite, wéi Plakater maachen, Filmer oder Rapporten goung et och em d’Analyse vun de Schüler hiren Iessgewunnechten a vun dem Konzept vun gesond Ernährung. Weider Enseignanten hunn och Aktivitéiten zu deene verschiddenen Ernährungstrends gemaach, wéi zum Beispill low-carb, ketogenetic diet oder reng flësseg Ernährung. Insgesamt waren d’Pojeten all ganz lieweg, interaktiv a praktesch orientéiert, sou dass mir Loscht kritt hunn, och dat eent oder anert bei eis aus ze probéieren oder ze iwwerhuelen an unzepassen. Dat geet ëmsou méi einfach, well all d’Donnéeën gläich op 3 Plattformen mat jidderengem gedeelt ginn: etwinning, moodle an um Website vum Projet. Mir hunn duerno nach een Tour duerch d’Gebai gemaach, fir eis nei Infrastrukturen, wéi zum Beispill d’Waasserrad an de Sportkomplex ze weisen.

No engem gudde Mëttegiessen am Schoulrestaurant hunn déi däitsch Partner eis mat Energizere eng Method gewisen, wéi een d’Schüler kann aktiv an interaktiv schaffe loossen. Mir hunn dono presentéiert, wéi eng Projeten den LTETT huet a Bezuch op Gesondheet. Dono gouf oppen iwwert déi virgestallten Inhalter diskutéiert. Mir hunn eis och nach laang iwwert d’Festleeë vun den Daten fir déi nächst Meetingen ënnerhalen. Festgehale gouf den 3.- 6. Dezember zu Rzeszow  (3 Mobilitéite fir Proffen) an d’Woch vum 6- 12. Mee fir d’Treffen zu Bielefeld. D’Treffen zu Bielefeld ass mat insgesamt 7 Mobilitéite fir all Land, 3 Proffen a 4 Schüler.

Als Hausaufgab bis dat nächst Treffe gouf festgehalen, dass all Partner soll Unterrechtseenheeten zum Thema Stress a Sport entwéckelen an ausprobéieren. Mir sollen och Aktivitéiten auswielen zum Thema fir den Health Day zu Bielefeld an een Descriptif fir déi ausgewielten Aktivitéit schreiwen.

À propos de l'auteur
%d blogueurs aiment cette page :