Comment are off

Recording

 

Et geet drëm all eenzelen, dee Spaass un der Museks- oder Radioswelt huet, ze bedeelegen.

 

Wien ka matmaachen? Jiddwereen, deen en Talent oder eng Leidenschaft a Bezuch zu Musek oder Radio huet.
Verantwortlech Persoun/en Lordong Christian   – christian.lordong@education.lu
Kuerzbeschreiwung vum Projet Et geet drëm all eenzelen, dee Spaass un der Museks- oder Radioswelt huet, ze bedeelegen. Et gëtt Schüler, déi gäre sangen an dat och gutt kënnen, leider awer keng Band oder Méiglechkeet hunn dëst Talent anere Leit ze presentéieren. Dëst gelt natierlech och ëmgedréint. Vläicht spills du awer och e „manner oder extrem spektakuläert Instrument“ a wëlls net an engem groussen Orchester klassesch Musek spillen. Och da bass du hei genau richteg, well och mat klasseschen Instrumenter kann ee flott Musek spillen oder Kombinatiounen mat E-Gittar a Co. maachen. Dofir wier et flott en grousse Pool u Schüler mat ënnerschiddlechen Instrumenter ze hunn, sou dass verschidde Kombinatioune oder Museksstiler kënnen ofgedeckt ginn. Mëll dech einfach an de Pool a looss dech iwwerrasche wat derbäi eraus kënnt.
Zil vum Projet –          Deng Musek ënner professionelle Bedingungen ophuelen.

–          Elleng, als Playback, als Kombo oder zesumme mat anere Museker.

–          Mixen a Verschaffe vun den eenzele Spueren.

–          Mastere vum fäerdege Projet.

–          Share vum Projet.

–          Ophuele vu Radiosemissiounen oder Interviewen.

–          Streame vun den Emissiounen oder Interviewen.

Unzuel vu Schüler (min/max) 1 / 8 (jee no Konstellatioun)
Wou sinn d’Treffen? An eisem Studio S31 am Keller ënnert dem Garage.
Wéini sinn d’Treffen ?

 

Op Umeldung (christian.lordong@education.lu)
Lafzäit vum Projet Jee no Bedarf
Umeldung bis ? Bei Interessi
À propos de l'auteur
%d blogueurs aiment cette page :