Comment are off

Wantermaart 2018

De 17. an 18. Dezember 2018 war et erëm esou wäit an déi 3. Editioun vum Wantermaart am LTEtt stoung virun der Dir. Verschidde Klassen an hier Enseignanten haten sech scho Wochen am Viraus Gedanke gemaach wat si kéinten zesumme fir de Wantermaart hierstellen oder verkafen.

Den Dag vum 17.12 waren d’Schüler alleguer scho fréi um Dill fir hire Stand opzeriichten an déi lescht Virbereedungen ze treffen, respektiv hier Saache schéin op hirem Stand ze presentéieren.

Vu Crêpen a Kniddelen iwwer Wafelen a Schocki bis zu selwer gemaachte Beautyproduiten a Chrëschtdagsdeko war fir jiddereen eppes dobäi. D’Schüler an hier Proffen haten sech richteg vill Méi gi bei der Auswiel an der Hierstellung vun hire Saachen an et sinn och eng jett Suen op deenen eenzele Stänn era komm an deenen 2 Deeg.

2/3 vun de Sue konnten d’Klasse selwer hale fir hier Onkäschten ze decken oder an hier eege Keess ze leeën. De Rescht vun de Sue gëtt deemnächst un de „Plooschterprojet“ gespent. Dëst ass e Projet bei deem et em d’Stammzellespend fir Mënsche mat Leukemie geet. Dës Organisatioun kritt am Joer 2019 de Scheck mat de gespente Sue vum Ltett iwwerreecht an deen Dag kënnen déi Jonk sech och teste loossen, ob si eventuell als Stammzellespender a Fro kommen.

https://de-de.facebook.com/plooschterprojet/

À propos de l'auteur
%d blogueurs aiment cette page :