Comment are off

Elektro-Schüler besichen d’Goodyear

De Méindeg den 14. Januar waren Schüler vun der Elektrosektioun ( 1TPEE, 2TPEE, DP3EE) aus dem LTETT fir eng Visitt op der Goodyear zu Kolmer-Bierg.

Si hunn sech den Test Center ugekuckt an haten d’Geleeënheet fir mam Bus iwwert d’Testpiste ze fueren.
Op der Testpiste hunn d’Schüler déi verschidden Stroossen gewisen kritt, déi bei der Goodyear benotzt ginn fir den Confort an d’Geräisch vun neien Pneuen ze optiméieren. Duerno ass et dunn iwwert den Handling Circuit gaangen an mam Bus duerch d’Steilkurv!

No der Visitt vun der Piste kruten d’Schüler e puer Laboen gewisen a n erkläert wéi eng Pneuenneientwécklung a groussen Zich ofleeft.

Ganz besonnesch impressionnant war de Besuch am « Noise Labo », wou d’Geräischverhalen vun neien Pneuen optiméiert gëtt.

D’Schüler kruten erkläert wéi eng Pneuenneientwécklung a groussen Zich ofleeft.

De Fonctionnement vun enger Pneuentestmaschinn gëtt erkläert.

 

À propos de l'auteur
%d blogueurs aiment cette page :