Comment are off

Journée de la mémoire de l’Holocaust et de la prévention des crimes contre l’humanité

 

Am Virfeld vun der Journée de la mémoire de l’Holocaust et de la prévention des crimes contre l’humanité, de 27. Januar, Dag vun der Befreiung vum Konzentratiounslager Auschwitz,  hunn eng 40 Sciences-Sociales Schüler aus dem LtEtt un enger Filmvirféierung mat uschléissendem Workshop deelgeholl.

Den Här Schroeder vum Zentrum fir politesch Bildung huet de Schüler, zu Dikrech am Skala, e kuerzen Abléck ginn, wéi den Adolph Hitler an Däitschland un Muecht komm ass a wéi Nationalsozialisten uschléissend déi nach jonk Demokratie ofgeschaaft  hunn. D‘Ausgrenzung vun de Judden ass systematesch organiséiert gi bis zur „Endléisung“ vun der Juddefro mat der gezielter Exterminatioun vun de Judden.

No dëser Introduktioun, hunn sech déi Jonk de Filmdokumentaire „Die Unsichtbaren – Wir wollen Leben“ vun 2017 ugekuckt, wou et em Jonk jiddesch Berliner geet, déi 1943 ënnergetaucht sinn an sech bis zum Enn vum Krich versicht hunn duerchzeschloen.

Nom Film hunn déi Jonk d’Thema vun der Zivilcourage, d’Motivatioun fir den Ënnergetauchten ze hëllefen awer och fir net ze hëllefen thematiséiert an diskutéiert.

À propos de l'auteur
%d blogueurs aiment cette page :