Comment are off

Visitt bei Peintures Robin

Am Kader vun hirem ETCAS-Cours huet d’2GSE e Freideg, den 18. Januar 2019 Peintures Robin zu Useldeng besicht. Dëst zesumme mat der Madamm Malou Origer vun der SuperDrecksKëscht, déi gehollef hat d’Visitt ze organiséieren.
Schwéierpunkt vun dëser Visitt war den “Développement durable”.

De CEO vu Peintures Robin, den Här Gérard Zoller, huet eis Ried an Äntwert gestanen  a konnt um Beispill vun der Verdello Faarf, déi “cradle2cradle” zertifiéiert ass, ganz interessant duerstelle wat eis Defien hei zu Lëtzebuerg fir d’Zukunft sinn a wéi eng Méiglechkeete mir hunn fir déi ze meeschteren. Zum Ofschloss vun der Visitt krute mir bäi engem Rondgang duerch Fabrick een Abléck an den Hierstellungsprozess vu verschiddene Faarwen.
À propos de l'auteur
%d blogueurs aiment cette page :