Comment are off

Moving Shadows – Die Mobilés

Am Kader vun der Zesummenaarbecht tëschent dem „Centre des Arts Pluriels Ettelbruck“ an dem Lycée Technique vun Ettelbréck hunn sech de leschte Samschde 7 Schüler mat deenen 2 Responsabelen aus dem Service Socio-Educatif getraff fir e Spektakel zum Thema „Schattentheater“ kucken ze goen.

Fir där ganzer Aktivitéit e Kader ze ginn, sinn si als éischt all zesummen an eng Pizzeria iesse gaange fir dono um 20.00 Auer gemeinsam an a gudder Stëmmung Richtung Cape ze trëppelen, wou mir souguer vum Direkter perséinlech empfaange goufen an e puer Wieder konnte mat him wiesselen.

De Spektakel huet jidderengem gutt gefall an et war alles an allem e flotten Owend. De Startschoss fir eng weider Zesummenaarbecht mam Cape ass agelaut.

À propos de l'auteur
%d blogueurs aiment cette page :