Comment are off

Voyage scolaire op Rennes – 2. Dag

Wärend hirer Studiërees zu Rennes huet d’2TPEE een ‘Concept Home’ vun der Firma ‘Delta Dore’ besicht. An dësem Showroom kruten d’Schüler fir d’éischt eng Partie Hannergrondinformatiounen zu dëser innovativer franséischer Firma, déi am Beräich vun der Hausautomatiséierung aktiv ass. Duerno konnten d’Schüler vun der Elektrosektioun selwer verschidden Produiten ausprobéieren, a kruten eng gutt Idee wat een alles mat ‘wireless’ Sensoren an engem Haus automatiséieren kann.

Zäitgläich huet deen anere Grupp de Centre de tri postal vu Rennes besicht. Zu Rennes gëtt de ganze Courrier sortant vun der Bretagne fir national an international Destinatiounen verschafft, grad wéi de Courrier entrant fir di ganz Bretagne. Hei ginn och d’ Protokoller vun de Radaren aus ganz Frankräich verschéckt, em di 80.000 den Dag. D’Schüler hunn sämtlech Statiounen ze gesinn kritt (1. Tri, 2. Tri a verdeelen op d’Tourneeēn, Expeditioun, “Klinik” fir abiméiert Bréiwer) a konnten deelweis esou guer selwer eng Hand upaken. Si waren beandrockt vun der supermoderner Anlag wou schonn en Deel vun den Operatiounen vu Roboter gemaach gëtt. Een anere wichtegen Aspekt: et schafft kee méi wéi zwou Stonnen op deem nämmlechte Posten, all Aarbechter wiesselt e puer mol den Dag d’Statioun, fir datt d’Aarbecht nët ze eesäiteg a belaaschtend gëtt, wat Burnout an Haltungsschied verhënnert.

 

À propos de l'auteur
%d blogueurs aiment cette page :