Comment are off

Visite guidée vun der Stad Ettelbréck

D’Schüler vun der 2GSO2 haten den 1. Abrëll 2019 een bësse méi ofwiesslungsräichen Schoulprogramm. Si haaten d’Méiglechkeet deelzehuelen un enger Visite guidée duerch d’Stad Ettelbréck. Si konnten vun dëser ongewéinlecher Opportunitéit profitéieren fir vill Interessantes bäizeléieren iwwer d’Geschicht souwéi d’Bedeitung an d’Entwëcklung vun der Stad Ettelbréck an der Vergaangenheet an haut. Bei dëser Visite, déi ronn 2 Stonnen gedauert huet, kruuten d’Schüler zu eenzelnen wichtegen Plaazen, Gebaier a Monumenter wëssensräich Informatiounen matgedeelt. Zousätzlech haaten d’Schüler d’Méiglechkeet hier Froen ze stellen iwwert Ettelbréck. (fw)

À propos de l'auteur
%d blogueurs aiment cette page :