Comment are off

LTETT step to Fairtrade

Och dëst Joer mëscht de LTETT mat bei der grousser Campagne Lëtz’Step to Fairtrade. Wärend zwou Woche ginn eng Réi Evenementer zum Thema Fairtrade ugebueden. Haut um Méinde war de groussen Optakt mat engem Fairtradefrühstück wou 126 Schüler drun deelgeholl hunn.

Sportlech goung et dunn fir Mëtteg weider wou eng ganz Partie Schüler a Proffen um Depart vun eisem LTETTrun waren.

An den nächsten 2 Wochen sinn nach vill flott Aktivitéite geplangt, wou de faire Gedanken am Mëttelpunkt steet.

All deene Leit e ganz grousse Merci, déi sech un der Organisatioun vun deene flotten Evenementer bedeelegen a mat vollem Asaz derbäisinn.

À propos de l'auteur
%d blogueurs aiment cette page :