Comment are off

Formatioun an der Peer Mediatioun

De Projet Peermediatioun gëtt et bei eis am Haus schonn zënter 2001. Iwwert déi Jore goufe scho vill Mediateure sief et beim SNJ oder intern am Haus vu Mediatiounstraineren ausgebilt. Och dëst Joer huelen erëm 16 Schüler a Schülerinnen un eiser Formatioun deel.

Ganzer 42 Stonnen Ausbildung hunn si nach virun sech, fir da mat engem qualitativ héichwäertegen Diplom vum Ministère als Peermediator ofzeschléissen.

Et erfuerdert en grousst ausserschoulescht Engagement, dofir wënsche mir hinne fir déi gesamt Ausbildung vill Courage an alles Guddes.

À propos de l'auteur
%d blogueurs aiment cette page :