Comment are off

Journée Windmobile mam LTETT an der Grondschoul zu Kolmer-Bierg

De Mëttwoch den 3 Juli war ee groussen Dag fir de Cycle 3.2, 4.1 an 4.2 aus der Grondschoul vu Kolmer-Bierg.

D’Equipe vu Windmobile aus dem LTETT ass bei si an d’Schoul komm, fir hinnen mat verschiddenen Atelieren déi alternativ Energien méi no ze bréngen.

D’Schüler vun der 2TPEE haten gehollef fir dëst flott Evenement ze preparéieren, a waren och de ganze Dag derbäi fir déi dräi Atelieren ze leeden.

Am éischten Atelier konnten d’Kanner op engem Stroumvelo selwer Stroum maachen, an si hunn gespuert wéi vill Kraaft een opbréngen muss, fir eng gewëssen Leeschtung ze produzéieren. Hei kruten se och eng éischt Iddi wat eng Leeschtung iwwerhaapt ass.

Am zweeten Atelier,dem Wandkanal, hunn eis Schüler de Kanner gewisen wéi gutt datt verschidden Modeller vun Wandrieder funktionéieren, an wéi dee ganzen Wandkanal iwwerhaapt opgebaut ass.

Am drëtten Atelier konnten eis Schüler de Kanner dunn weisen wéi eng Solaranlag, an ee klengt Wandkraaftwierk, an der Praxis funktionéieren.

No den Atelieren hunn eis Schüler nach ee Quiz mat den Kanner gemaach. D’Gewënner kruten een Windmobile T-shirt. D’Kanner ware begeeschtert an hunn gutt matgemaach.

Fir d’Schüler vun der 2TPEE war et eng gutt Geleeënheet fir en neien Sujet ze preparéieren, an deen dann virun engem Public virzestellen an an engems ee klengen Grupp ze leeden.

Allem an allem war et ee gelongenen Dag op deem  Schüler a Proffen aus dem LTETT 60 Grondschoulkanner, an hiren Enseignanten, alternativ Energien konnten méi no bréngen.

À propos de l'auteur
%d blogueurs aiment cette page :