Comment are off

Schoulfest am LTEtt

De leschte Schouldag am Lycée Technique d’Ettelbruck stoung am Zeeche vun der Gemeinschaft. De ganzen Dag iwwer war eng lass: d’Schüler konnten sech an Atelieren aschreiwe wéi Footballjonglage oder Theater. E Floumaart, Spill- an Iess-Stänn souwéi sportlech a kënschtleresch Virféierungen hunn de ganzen Dag iwwert Schüler a Proffen an de sonnege Bannenhaff gelackelt. Héichpunkt fir all Klass waren awer sécher déi festlech Zertifikatsiwwerreechungen, wou déi schoulesch Bescht aus all Klass e Präis kruten.

Mee och déi Schüler, déi sech besonnesch engagéiert hunn, sief et bei ausserschouleschen Aktivitéiten oder bei der Sich no enger passender Ausbildung, goufe priméiert a gefeiert. Fir e flotte musikalesche Kader hunn d’Schüler vun den ausserschouleschen Aktivitéite Musek an Danz gesuergt, déi vun hire Matschüler och mat groussem Applaus Merci gesot kruten. Dësen Dag war fir déi Jonk e gelongenen Ofschloss vum Schouljoer 2018-2019 an e flotte Start an d’Vakanzenzäit.

 

   

À propos de l'auteur
%d blogueurs aiment cette page :