Comment are off

LTETT goes VIENNA

Mir, 4 Schüler an 3 Enseignante vum Ltett sinn den 3. Abrëll op Wien geflunn fir do um Ofschlosstreffen vum HEIMAT Projet deel ze huelen. Mir hate mat eiser Klass am Virfeld scho vill Viraarbecht geleescht an eis gutt op dat Treffe virbereet.

Moies si mir op de Fluchhafen gefuer fir do den Fliger bis op Wien ze huelen. Mir hun am Fliger e puer witzeg Aufgaben ausgedeelt kritt, déi mir am Laf vun der Woch hu misste maachen, zum Beispill e puer Sätz op éisträichesch leieren, eng Foto vun dësem oder deem huelen, den Donauwalzer sangen an esou weider. D’Aufgaben hu mir zum gréissten Deel gutt erfëllt, mais Verschiddener waren e bëssi méi schwéier. Daat huet eis vill Spaass gemaach während eiser Woch zu Wien.

Dënschtes hu mir eis mat deenen anere Schüler getraff. Mir hunn eis mat jidderengem gutt verstanen. No enger Zäit hu mir et och net méi schwéier fonnt, englësch ënnerteneen ze schwätzen.

Mais des Woch war net nëmmen fir de Spaass do, mir hunn och missen e bëssi schaffen, an zwar Mëttwoch an Donnëschtes vun moies fréi bis owes spéit. Mir hunn iwwert Integratioun a Refugiéen geschwat an och vill iwwert Politik a wéi eis Schoule sollen a kënnen nei Schüler integréieren. Mir hunn eis souwuel positiv wei negativ Aspekter ugekuckt an probéiert eng Léisung vir déi negativ Aspekter ze fannen. All Schoul huet souwuel hier Iddie presentéiert, wéi aner Iddie weiderentwéckelt. Aarbechtsmaterialien, déi op deene virleschten Treffen ausgeschafft a presentéiert gi waren, waren dono ëmgesat an evaluéiert gin an et gouf e groussen Echange vun Erfahrungen. Zum Schluss gouf et eng Evaluatioun vum ganze Projet.

Nom ville Schaffen war owes rem bëssi Fräizäit. Mir sinn zum Beispill Bowling spillen gaangen mat den aner Schüler an mir sinn och an de Prater gaangen.

Mee des Woch wier nëmmen hallef sou flott gewiescht ouni den Herr Maximilian Ei. Mat deem Ee hate mir an der Receptioun vum Hotel Rendez-vous, wéinst enger vun eisen Aufgaben. Hien ass zum 5ten Schüler ginn. Leider ass hien an engem trauregen Accident Freides ëmkomm, trotz senger deierer Rüstung, déi mir an engem klengen Geschäft fonnt haten. Hien ass no eiser Visite am Techneschen Museum gestuerwen. Dee Musée war ganz interessant, mir konnten mat allem spillen. Am Fong sinn mir nëmmen grouss Kanner mat bëssi Baart!

Owes si mir dann erëm fort gaangen. Mir hate bal de falschen Zuch geholl a wiere bal op Budapest gefuer. Am Fliger war et ganz relax an mir sinn dann och erëm gutt zu Lëtzebuerg gelant, leider ouni Maximilian Ei.

Dubos Julien , Martins Danny, Reiser Gilles, Wollmering Ken  (11TG1)

Fohl Danielle, Lopes Edite, Lippert Christiane