Comment are off

8MO – Nohaltegkeet beim Buchbënner

Am Kader vun engem kulturelle Projet, deen den Ltett zesumme mam Mierscher Kulturhaus duerchféiert, hunn zwou 8MO-Klassen sech kreativ mam Thema   beschäftegt. De Grafiker Lex Weyer huet de Schüler vir d’éischt Wëssen iwwert d’Schrëft vermëttelt an ass z.B. op d‘Fro agaangen, wou d’Schrëft hierkënnt a wéi se sech entwéckelt huet.Dono hunn déi Jonk éischt Versich am Beräich Grafik gemaach an zesummen iwwerluecht wéi een eng Botschaft am Beräich Ëmwelt vermëttele kéint. Bei de Buchbënner Edy Willems an dem Sabine Thornau stellen si elo Hefter a Bichelcher selwer hir mat de Resultater vun hirer Aarbecht. Den 9. November 2017 wäert dëse Projet vun de Schüler am Mierscher Kulturhaus virgestallt gi mam Zil, dat och aner Leit, jonk an al, gesinn, dat et flott kann si kreativ mat den eegenen Hänn eppes ze erschafen.