1 Mol d’Woch huele sech 2 Tuteuren während enger Stonn Zäit fir mat de Schüler un hierem Zukunftsprojet ze schaffen.

Ziler

  • Schüler kompetent  iwwer Ausbildungsméiglechkeeten informéieren
  • Schüler geziilt an individuell bei hirer Entwécklung an op hirem Wee an d’Beruffsliewe betreien
  • Schüler ginn aktiv an hieren Orientéirungsprozess abezunn
  • Positiv Kontakter mat den Eltren an der Beruffswelt opbauen
  • D’Schüler gi responsabiliséiert
  • D’Schüler si méi motivéiert well si en Zil hunn

 

Inhalter

7e: Wien sinn ech?

  • sech selwer, seng Stäerken a Schwächten kenneléieren
  • „Lernen lernen“
  • léieren sech Ziler ze setzen
  • sech motivéiere (léieren)
  • presentéieren léieren
  • Beruffer kenneléiren

 

8e: Wat kann ech? Wat wëll ech?

  • Wéi wëll ech liewen?
  • „Straße der Fähigkeiten“ (praktesch Tester zu de Kompetenzen)
  • geziilt op Beruffer agoen (wat mécht een? wat brauch een u Kompetenzen?)
  • „Werkzeugkästen“  (Beruffer theoretesch a praktesch kenneléieren)
  • Visiten
  • Austausch mat Schüler an der Ausbildung

 

9e : Wat maachen ech no der 9ème ?

  • Intensiv Vir- an Nobereedung vum Stage
  • CV an Demanden schreiwen
  • Berodung duerch ALJ a BIZ
  • Virstellungsgespréicher üben
  • Telefonsgespréicher üben
  • Projet Fit4life – Jonk Entrepreneuren : d‘Erausfuerderungen vum Beruffsliewen kenneléieren