Mat enger 4e-3e GPS huet de Schüler e  breede Choix  un 2es-Klassen op:  

  • LTPS (direkt niewendrun!): 2GSH an 2GSI 
  • LTPES (zu Miersch): 2GED 
  • Lycéeën: 2GSO-Klassen 

Fir  biologieintresséiert  Schüler sinn  d‘GPS Klassen am LTEtt intressant, well mer eng duerchduechten Organisatioun  an Opdeelung vun de Fächer opweises hunn  an iwwerall fachkënneg  Proffen asetzen.

  1. An der BIOHU, een vun den Haaptfächer vun der GPS (3 Stonnen/Woch) steet de mënschlechen Kierper am Mëttelpunkt.

Am LTEtt si  mer  gutt equipéiert fir dësen unhand vun professionelle Modeller a mat innovativen Appen um Schüler-iPad ze erklären.

Mir hunn och vill néit didaktescht Material fir Labosaarbechten a Freilandaarbechten ze encadréieren an duerchzeféierenDes souwuel ronderëm de Lye, wéi an Zesummenaarbecht mam SNJ zu Huelmes. 

 

2.   Den TP Biologie, gëtt an extra Praktikumssäll ofgehalen, wou mir gutt equipéiert si fir z.B.:

  • Dissektiounen: Häerz, Nieren, …
  • Experimenter: Noweistester, Chromatographien, DNA-Fingerprint,

  • Mikroskopesch Analysen (Wasserplankton, Zellen, Plastiden, ) 

 Déi TP‘en sollen de BIOHU-Cours praktesch ënnermolen. 

 

3.   D’Optioun Biologie: 

Mir bidden am LTEtt speziell Optiounen nëmme fir GPS Schüler un, déi de Schüler e villsäitegen  Abléck an verschidden biologesch Themen solle ginn. Et si  virun allem Themen, op déi sech spéider  souwuel an den Erzéiungs– oder Sozialberuffer, wéi och an den Gesondheetsberuffer zeréckgräifen kennen. 

An dëser villsäiteger  Optioun gëtt praktesch mat  de Schüler geschafft: 

  • Themen: Heelkraider, Kosmetik, gesond Kachen, 1. Hëllef, …

Mir ginn  och eraus aus dem Klassesall fir „Freilandbiologie“ ze maachen: 

  • Themen:
    Waasseranalysen, biologeschen Gaart, Buedem a Kompostéieren, Bësch erfuerschen, Bioindikatorenbestëmmen,…

Ausserdeem  sichen mer Synergien mat  anere Fächer: z.B. Sport

  • Themen: Gesondheetspass, E.K.G, … 

An mat anere pedagogeschen Zentren: 

  • Thema: Evolutioun mam Musée d’histoire naturelle
  • Thema: Mikrobiologie an DNA Tester mam Science Center 
  • Thema: Ökologie an Ëmwelterzéiung mam Centre SNJ Huelmes 
  • Thema: Mieresbiologie mam Naturparkhaus am Unesco-NaturerbeSchutzgebitt op der Insel Norderney  

Dës Optioun gëtt vun engem vun de Biologiesproffen  vun der Klass encadréiert an erméiglecht soumat  e weidere bessere soziale Kontakt tëscht Schüler a Proff. 

 

 

4.   SCHUS

Zu gudder lescht gëtt dat “néit” Fach SCHUS vum Biolog gehalen an erméiglecht dësem d’Schüler an der Methodologie
(Berichter schreiwen, Virtrag halen, Stage präparéieren, …) besser ze ënnerstëtzen an duerch den direkten Lien zuganzer Equipe pédagogique (aner Proffen) di Methodologiescouren besser un all aner Fächer unzepassen.

 

  • Am Kader vun dësem Gesamtpak gëtt et dann och nach een Highlight: eis Studierees op di ostfrisesch Insel : Norderney. Do kennen d’Schüler an engem geniale “Unesco Naturerbe” Kader Mieresbiologie erfuerschen.