explications

1. Koordinatiounstreffen a Schweden

(Västerås/ Schweden) Fir dëst Treffen ass eng Delegatioun vun 3 Enseignanten aus dem LTEtt vum 8. bis den 12. Oktober op Västerås an Schweden geflunn.

Den 8. Oktober Owes hunn sech all Partnerschoulen am Hotel zu Västerås getraff, fir sech an entspaanter Ronn kennenzeléieren.

Moies drop, no der Begréissung duerch den Direkter vun Lycée zu Västerås, huet den offiziellen Deel vum Programm mat der Virstellung vun den zentralen Punkten duerch Projetkoordinatiounsschoul vun Wien ugefaangen. Déi eenzel Punkten waren: allgemeng Informatiounen, Zieler vum Projet, Virgoen am weideren Verlaf vum Projet an Verdeelen vun den Aufgaben bis zum nächsten Treffen zu Bielefeld. Dunn ass et mat der Presentatioun vun den eenzelen Projetsschoulen weidergaangen.

No engem gemeinsamen Mëttegiesse an der Schoulkantin haten mir en Workshop bei dem mir Schülerinnen an Schüler mat engem Migratiounshannergrond kennengeléiert hunn an an flotten Gespréicher méi iwwer hiert Liewen an Schweden azielt kruten. Et war interessant ze gesinn, wei schnell déi Jonk Schwedesch geleiert an dat déi meescht vun hinnen sech schonn richteg gutt agelieft hunn.

Duerno kruten mir nach den Projet << Here4u >> vun zwou schwedeschen Schülerinnen virgestallt. Dëse Projet setzt sech géint eleng sinn an. Esou kann een sech als Schüler z. B. un si wenden, wann een net méi well eleng an der Cantine iessen.

Den drëtten Dach hunn mir en puer lokal Entreprisen besicht. Am << Zentrum fir Zweesproochegkeet >> kruten mir akläert, dat si den Schüler mat Migratiounshannergrond d´Méiglechkeet bidden, hier Mammesprooch ze leieren bzw. besser ze leieren. Am Moment ginn do 40 verschidden Sproochen vun Mammesproochler enseignéiert.

Beim << Health and Care >> Institut, dat mir als zweet besicht hunn, kruten mir erkläert, dat 23% vun den Schweden een Migratiounshannergrond hunn. Mei wei een Drëttel vun den Leit déi am Gesondheetswiesen schaffen, kommen gebietech net aus Schweden, mee si mussen all Schwedesch liesen an schreiwen kennen fir kennen hei ze schaffen.

Donneschdes hunn mir eis zesummegesat fir all déi Informatiounen ze beschwätzen an ze iwwerleeën, wat mir dovun kéinten bei eis Doheem notzen bzw. ëmsetzen.

Den ibc vun Wien huet och hiren ausgeschafften Questionnaire virgestallt, den all Partnerschoul bis zum Treffen zu Bielefeld soll vun 100 SchülerInnen ausfëllen loossen. Resultater sollen dann vun all den Schoulen un den LTEtt iwwermëttelt ginn an dann  ausgewäert ginn. Mëttes stoung dunn eng Visitt vun der schwedescher Haaptstad Stockholm um Programm.

Freidegmoies ass et dunn fir eis schonn virun Sonnenopgang lass Richtung Lëtzebuerg gaangen. Am Gepäck haten mir, nieft dem engen oder aneren Souvenir, dunn awer och vill flott Ureegungen, Impressiounen, Iddien an d´Gefill, dat Schweden eis vill Viraus hunn, wann et em Integratioun vun Flüchtlingen gëtt.

Wéi geet Schoul a Schweden?

Wann een duerch d’ Rudbeckianska gymnasiet Västerås (e Lycee, ongeféier 100 Kilometer westlech vu Stockholm) trëppelt, da fält engem sou munches op. Insgesamt iwwerall am Gebai: keng Hektik, vill immens selbstbewosst an oppe Schüler. Et ass eng Schoul vun ëm déi 1300 Schüler am Alter vu 15-20 Joer an 100 Proffen. Vill Schüler sëtzen och an der Fräizäit an der Schoul iergendwou op engem Stull (mat Dësch) op de Gäng a schaffen oder liesen. D’Schüler vermëttelen den Androck, wéi wann si sech géife wuel fillen a gär an d’Schoul kommen.

D’Sproochesituatioun?

All Schüler, deen net Schwedesch als Mammesprooch huet, huet Recht e puer Stonnen d’Woch a senger Mammesprooch ënnerriicht ze ginn. Do kann entweder ee Proff bei hien an d’Klass kommen fir him ze hëllefen an hien ënnerstëtzen oder de Schüler kann an den ‘Centre for bilingualism’ goen fir e Cours a senger Mammesprooch. An deem Zentrum ginn et Proffe fir iwwer 40 verschidde Sproochen. De Rekrutement fir verschidde Sproochen ass schwiereg, well d’Leit, ab dësem Joer, mussen eng Bachelorsausbildung am Enseignement vun hirer Sprooch an hirem Land oder a Schweden noweise kënnen.

D’Cantine

Mëttegiessen an der Kantin: Well d’Schüler net musse fir d’Iesse bezuele, gëtt et keng Keess, mais just 3 grouss Buffeten, wou d’Schüler sech zerwéieren. Zaloten, Brout a Botter gëtt et ëmmer. Fir de Rescht gëtt et 1 waarme Plat an ee Féculent. Nuddelen en masse oder Fritten à gogo, déi an eise Cantinen regelméisseg um Menu stinn, ginn net ugebueden. Op der Säit gëtt et och e klengt Dëppe mat enger veganer Optioun. Als Dessert get et heiansdo Uebst, mais meeschtens net. Gedronk gëtt Waasser oder Mëllech. An der Mëttespaus fonctionnéiere keng Gedrénksautomaten. D’Schüler zerwéieren sech bei allem selwer. Et gëtt just Personal fir ze kachen an ze spullen. D’Schüler maachen och den Offall selwer an d’Poubelle an zortéieren d’Geschir a Kierf, déi da kënnen an d’Spullmaschinn gesat ginn. Den Offall gëtt all Dag gewien an et leeft eng Competitioun mat enger anerer Schoul, wien am Mannsten Offall huet. Déi meescht Schüler sinn zefridde mat der Cantine, just Dënschdes, wou et ëmmer just vegetaresch gëtt, ass bei villen Macdonalds Dag.

An d’Couren?

Visitt vun enger internationaler Klass: Schwedesch Cours, traditionelle Frontalcours, 2 Proffe, vill Iwwersetzung op Arabesch an Englesch, vill ënnerfuerdert Schüler (e puer maache Mathe wärend der Stonn), voll motivéiert Proffen, relativ eintönegen a wéineg interaktive Cours, vill eenzel Wieder, wéineg Sätz, komplett teacher-centered, héije Lärmpegel an der Klass. Ronderëm notzen e puer Schüler hire Computer oder Handy ouni dozou opgefuerdert ginn ze sinn. D’Exercice gi komplett vu staarke Schüler un d’Tafel geschriwwen an zum Deel vun deene méi Schwaachen ganz gemittlech, ouni sech unzestrengen ofgeschriwwen. Meng Impressioun: ok, gesäit jo alles wonnerbar aus op den éischte Bléck, mais si kachen och nëmme mat Waasser. De Cours wier wahrscheinlech fir d’Léiere vum Schwedesche besser ouni Traductioun a Mammesproocheproff gewiescht. D’Schüler hätten sech awer sécher och manner wuel gefillt an hier Confort Zone méi misse verloossen. An dorëm geet et hei virun allem: d’Schüler sollen sech wuelfillen.

 

En Englëschcours

Visitt bei engem Engleschcours, 30 Schüler am Alter vu 4e bei eis, héijen Engleschniveau, déi meescht ongeféier B2 (sou wéi bei eis op 1G). D’Schüler hunn am Cours Zäit fir Presentatiounen ze preparéieren. Si däerfen dofir entweder an der Klass bleiwen, mais och am Gank zirkuléieren.  Wann de Proff Opmierksamkeet verlaangt, kritt hien se direkt an huet d’Klass zu all Moment voll ënner Kontroll, wann hie wëll. Hie wëll awer net ganz dacks. Et ass hei normal, dass och de Proff heiansdo während der Unterrechtszäit net an der Klass ass, mais am Proffenzëmmer niewendrun. No hirer Virbereedungszäit hunn d’Schüler, sou wéi dat bei eis och üblech ass, hir Presentatioune gehalen. Déi meescht hunn immens perséinlech geschwat, deels méi oder manner fräi an och méi oder manner preparéiert a strukturéiert. Och wa verschiddener e bëssen opgeregt waren, war d’Klima agreabel a guer net ugespant. Si hunn hir Computere geholl fir hir Powerpointen ze weisen. D’Klass war immens respektvoll vis-à-vis vun de Matschüler, déi presentéiert hunn. Si hunn zumindest emol gemaach, wéi wann si géifen interesséiert nolauschteren. Si hunn och no de Presentatioune Feedback ginn an äifreg diskutéiert.

Bicher liesen

Et gi vill Bicher gelies a Bicher hunn hei en enorme Stellewäert. Am Ufank vum Schouljoer kritt all Schüler 3 Bicher (op Schwedesch) geschenkt. Eent dervun ass fir all d’Schüler d’selwecht an den Auteur vun deem Buch gëtt fir eng Liesung invitéiert. Bei deenen aneren 2 Bicher kënnen d’Schüler aus enger Lëscht wielen. Et géif kee Schüler op d’Iddi kommen, déi geschenkte Bicher net mindestens deelweis ze liesen, oder net wéinstens ze maache, wéi wann. Souwuel d’Schoulbibliothéik, wéi och d’Stadbibliothéik gi vill fir ze schaffe genotzt. D’Bicher an der Bibliothéik si just den Themen no sortéiert, net de Sproochen no. D’Sprooch, an dat mierkt een iwwerall, gëtt just als Medium gesinn, net wéi sou dacks bei eis, als Selbstzweck.

An d’Evaluatioun?

Wéi mer nom Cours mam Proff (iwwregens e Mammesproochler vun Hawaii, dee méi spéit Schwedesch geléiert huet) iwwert d’Evaluatioun diskutéiert hunn sot hien, daat wier fir hien hei komplett niewesächlech. Hie géif just A oder B ginn (op enger Skala vun A bis D). Et géif him virun allem drëm goen, de Schüler hiert Selbstbewosstsinn ze stäerken an hiert Vertrauen ze gewannen. Och beim Feedback, géif hien nëmme ganz wéineg Kritik üben. Hie géif dervun ausgoën dass d’Schüler selwer wéissten, wéi eng Presentatiounen hinne géifen am Beschte gefalen.  Dës Pipi Langstrumpf Pedagogik schéngt awer ze fonctionnéieren, well d’Schüler hu grouss Efforte gemaach fir eng gutt Aarbecht ofzeliwweren an sech iwwerwonnen, dat op enger friemer Sprooch a virun engem Publikum vu 6 zousätzleche Proffen ze maachen. All Respekt fir d’Schüler! Vläicht sollte mir d’Confiance vun eise Schüler och méi an de Mëttelpunkt stellen, a si manner rigoréis bewerten.

An d’Discipline?

Wa Schüler ze spéit an de Cours kommen, ass dat net schlëmm an et gëtt och net opgeschriwwen. Verschidde Schüler kënne verschidden Deeg net mat Zäit do sinn, well hire Bus net mat Zäit kënnt. D’Schüler si fräiwëlleg an der Schoul, kréien ech gesot. Nom 15. Liewensjoer besteet keng Schoulpflicht. Angscht wéinst Assurance etc. huet hei keen. Et kënnt vum selwe kee Schüler mat Absicht ze spéit: d’Schüler hunn eng Astellung wéi am Billerbuch.

Et gi Reegelen, mais awer bal keng Strofen. D’Behuele vun de Schüler ass net beispillhaft, mais awer och keng Katastroph. Vill vun hinnen hu Knetsch am Mond, a Kapen um Kapp. Dat schéngt hei normal a stéiert keen. Gedronk a giess gët och an der Klass. Och dat gët einfach higeholl. Fir mäi Goût ginn et ze vill Oflenkunge vun Handyen, déi weder mussen aus, nach mussen am Schoulsak bleiwen. Nëmmen a ganz schwierege Fäll ginn d’Schüler aus dem Cours ausgeschloss fir de Rescht vun der Stonn, vum Dag oder definitiv. An deem Fall muss de Schüler sech selwer eng nei Schoul sichen a meeschtens méi laang Transportweeër a Kaf huelen.

An d’Personal?

D’Proffen hunn eng Openthaltspflicht an der Schoul vun insgesamt 35 Stonnen. Si hunn dofir vill Openthaltsraim, mol méi grouss, mol méi kleng an all Proff huet säi Pult, seng Aarbechtsplaz mat Schaf a säi Computer. Et kléngt alles e bësse, wéi am Mäerchen: ideal Aarbechtskonditioune fir Proffen, komplett Eegeverantwortung vun de Schüler, déi net abuséiert gëtt. D’Klassen hunn och zu ganz ënnerschiddlechen Zäite Paus. Webuntis gët et net. D’Stonnepläng gi vum Sekretariat gemaach, d’Sekretariat ënnerläit just dem Direkter, net den Adjointen. D’Proffe si pädagogesch gesinn, komplett autonom. Et gi Léierpläng a Standarden, déi mussen erreecht ginn, mais awer keng obligatoresch Bicher, keng Ofhängegkeet vu Librairen etc. D’Schüler evaluéieren d’Proffe reegelméisseg. Dofir suergen d’Proffen sech em eng positiv Léieratmosphär an der Klass. Si erliewen doduerch e bestëmmten Drock, deen awer produktiv ass. De Proffe gëtt insgesamt vertraut, virausgesat d’Schüler beschwéieren sech net. Grouss national Examen ginn et net. Wa Proffen zum Beispill duerch eng manner grouss Schülerzuel net kënne genuch Stonne kréien, da mussen si sech Stonnen an enger anerer Schoul fannen, och wann si dann heiansdo wäit fuere mussen. Den Direkter decidéiert, wéi eng Proffen hie wëllt, a wéi eng net, virausgesat et sinn der genuch do. Fir verschidde Fächer, besonnesch Mathe a Sproochen, gëtt et e Proffemanktem.

Eng Schoul ouni Leeschtungsdrock?

ntakt, géifen hatt besser a virun allem méi agreabel motivéieren, wéi d’Kompetitioun an den Drock. Daat ass genee dat, wat eis Schüler vun hinnen ënnerscheet: eis Schüler liewe stänneg a Versoensangscht. Si vertrauen den Enseignanten net, well déi se ëmmer erëm mat schlechte Punkten a Konkurrenz setzen. Vill Kreativitéit a fräi Gedanke ginn duerch d’Angscht ënnerdréckt amplaz ënnerstëtzt a gefuedert ze ginn. Déi lescht Joren, ginn et eng Rei Enseignanten, déi sech deem Problem bewosst sinn an dodru schaffen. Mais och nëmmen eng schlecht Erfahrung geet duer, dass de Schüler hiert Selbstvertrauen dauerhaft geschiedegt ass.

Wéi ass et mat de Finanzen?

Am Gespréich mat der Direktioun a mat de Proffen hu mir nach aner Themen ugeschwaat, déi mir interessant schéngen. De Prinzip vun der Schoulfinanzéierung ass einfach: de Ministère gëtt de Schoulen eng fix Zomm Sue pro Schüler, also heescht dat fir all Schoul, ob staatlech oder privat, wat méi Schüler wat méi Suen. Dat setzt d’Schoulen an eng Konkurrenzsituatioun vis-à-vis vun aneren. Ähnlech wéi bei eis gëtt bedauert, dass d’Schoule musse ganz Marketingscampagne maachen, just fir genuch Schüler ze kréien. Déi Sue kéint ee sécher besser an d’Schoul selwer stiechen. D’Gebai vun der Schoul zu Västerås gehéiert der Stad an d’Schoul muss Loyer bezuelen. Wa Renovatioune gemaach ginn, huet den Direkter vill Afloss op wat gemaach gëtt, mais de Loyer geet dann an d’Luucht. D’Schüler selwer bezuele guer näischt an der Schoul: kee Schreifmaterial, keng Bicher, keng Computeren (jiddereen huet e Macbook vun der Schoul, deen en dierf mat heem huelen), awer och keng Cantine, keng Photocopien, keng Ausflich a keng Reesen (all Schüler mécht all Joer bei engem Echange mat Home hospitality mat). Et kléngt alles e bësse wéi am Schlaraffeland a gesäit op jidde Fall mol vu baussen immens duerchduecht, duerchgeplangt a gutt organiséiert aus. D’Schüler an d’Enseignanten fillen sech respektéiert a fir voll geholl. D’Direktere genéissen d’Autonomie, och wann si onwahrscheinlech vill Verantwortung mussen droen.

Conclusioun?

Alles an allem war et eng onheemlech Beräicherung fir dee Schoulsystem kennen ze léieren an ech si jidderengem dankbar, deen derzou bäigedroen huet, dass ech hunn dierfe matfueren. Vun all den Erasmusreesen, déi ech bis elo matgemaach hunn, huet déi hei mech am Meeschte markéiert, a wäert meng Akten an Iwwerleeungen an der Schoul a vis-à-vis vun de Schüler bei der Aarbecht mat hinnen laangfristeg beaflossen.

Wat ass de Projet Peer Education?

 

PEER EDUCATION – kooperatives Lernen zu den Themenbereichen: schulische Anforderungen, Werterziehung, soziale Kompetenzen und Sprachkompetenzen durch Selbstsozialisation

 

Methodik

  • Peer-Learning: Schüler schaffen zesummen, bréngen sech géigensäiteg weider
  • Integrativ a selbstbestëmmt (guidéiert vum Enseignant)
  • Schüler gi responsabiliséiert fir hiert eegent Léieren an dat vun hire Kollegen: sozial Kompetenze gi gefuerdert.

 

Zieler vu kooperativem Léieren (Peer to Peer)

  • Besser sozial Integratioun (besonnësch an engem multikulturelle Kontext)
  • Vermëttlung vu Valeuren duerch Schüler
  • Besser Motivatioun fir sech Fachwëssen a Kompetenzen unzeeegnen
  • Besser a méi effizient enséignéieren

 

Insgesamt 5 Partnerschoulen:

  • Ibc Hetzendorf Wien/A
  • Rudolf Rempel Berufskolleg Bielefeld/D:
  • Obchodni Akademie Opava/CZ
  • Rudbeckianska Västerås/S
  • LTETT/L

 

 

4 Treffen:

  • Koordinierungs- und Trainingstreffen: Vasteras, Schweden (3 Proffe pro Schoul) (8.-10. Oktober 2018)
  • Koordinierungssitzung: Bielefeld, Deutschland (3 Proffen a 6 Schüler pro Schoul) (Mee/Juni 2019)
  • Koordinierungssitzung: Ettelbruck, Luxemburg (3 Proffe pro Schoul) (November/Dezember 2019)
  • Koordinierungssitzung: Wien, Österreich (3 Proffen a 6 Schüler pro Schoul) (März/Abrëll 2020)

 

 

Wat muss den LTETT dobäi maachen?

  • Organisatioun vun der drëtter Trainingssitzung,
  • Auswäertung vu Froebéi fir d‘Erhebung vum IST-Zoustand vun der Wertehaltung vun de Schüler a Schülerinnen a Presentatioun vun de Resultater
  • Entwécklung vun Unterrechtsmoduler,
  • Recherche fir d‘Ufuerderungen u Berufsufänger zu Lëtzebuerg
  • Duerstellung vun der gemeinsamer Werteleeder.
  • Schulung an der Unterrechtspraxis bei der Vermëttlung vu soziale Kompetenzen, Trainéieren vu Virstellungsgespréicher a Bewerbungsschreiben