explications

Peer Education

Visite vun den erneierbaren Energiequellen am LTEtt

Am Kader vun der Nohaltegkeetswoch am Lycée Technique vun Ettelbréck huet eng Première Technicien am Beräich Energieelektroniker en Atelier ugebueden wou si aneren Schüler di erneierbar Energiequellen am LTEtt virgestallt hunn.

Ugefaangen bäi der Waasserenergie, duerno Lire la suite →

3. Koordinatiounstreffe vum Erasmus-plus Projet Peer Education

Vun Dënschdes bis Donneschdes, 10-12. Dezember 2019 war am LTETT erëm eng méi lass: 13 Gäscht aus Schweden, der Tschechescher Republik, aus Éisträich an Däitschland hunn sech zesumme mat eis am LTETT begéint fir weider um Projet Peer Education ze schaffen.

Zesumme goufen Unterrechtseenheeten erschafft, ausprobéiert a virgestallt, déi eis am Alldag sollen hëllefen engersäits Fachwëssen ze vermëttelen, mais anerersäits och d’Kommunikatioun an d’Versteesdemech tëschent de Schüler ze stäerken duerch den Asaz vu Multiplicateuren, sougenannten ‚‘Peers‘.

 

Lire la suite →

Logosconcours vum Projet Peer Education

D’Lisa ter Heegde vun der 3GPS3 huet de Logosconcours vum Projet Peer Education zu Bielefeld gewonnen. Daat heescht dass dee Logo, deen hatt op der Internetplatform canva.com gemaach huet, ënnert 18 Plakater, déi vu 5 Schoulen a 5 verschiddene Länner proposéiert goufen, ausgewielt ginn ass. Dee Logo wäert elo op all d’Dokumenter vum Projet drop kommen. Félicitatiounen un d’Lisa! Lire la suite →

7 begeeschtert Schüler mat hire Proffen zu Bielefeld

Am Kader vum Erasmus Plus Projet « Peer Education » si 7 Schüler aus 6 verschiddene Klasse mat 2 Proffen op Bielefeld gefuer fir eis Schoul beim 2. Projetstreffen ze vertrieden. Souwuel um soziale wéi um formelle Plang hu mir masseg nei Andréck gesammelt, vill nei Leit kenne geléiert an eis mat  ville Leit aus insgesamt 5 Länner ënnerhalen, zesumme geschafft, présentéiert an eis dono awer och gutt amuséiert. Och wann d’Wieder nët déi ganzen Zäit matgespillt huet, haate mir vill Spaass an hunn och déi eng oder aner Frëndschaft geschloss.

1. Koordinatiounstreffen a Schweden

(Västerås/ Schweden) Fir dëst Treffen ass eng Delegatioun vun 3 Enseignanten aus dem LTEtt vum 8. bis den 12. Oktober op Västerås an Schweden geflunn. Lire la suite →

Wéi geet Schoul a Schweden?

Wann een duerch d’ Rudbeckianska gymnasiet Västerås (e Lycee, ongeféier 100 Kilometer westlech vu Stockholm) trëppelt, da fält engem sou munches op. Insgesamt iwwerall am Gebai: keng Hektik, vill immens selbstbewosst an oppe Schüler. Lire la suite →

Wat ass de Projet Peer Education?

 

PEER EDUCATION – kooperatives Lernen zu den Themenbereichen: schulische Anforderungen, Werterziehung, soziale Kompetenzen und Sprachkompetenzen durch Selbstsozialisation Lire la suite →