Chartres 2014

Samsdeg, 1. Manche vun 2 Stonnen:
Alles verleeft no Plang, de Velo geet gudd, bis et ugefong matt Reenen huet. De Solarpanneau huet am ville Reen scheinbar nit bruecht a mer sin ouni gefuer!

Sonndeg Moies, 2. Manche vun 1,5 Stonnen:
Et ass festgestallt gin, datt d’Solarzellen durch de ville Reen e Kurzschluss gemaach hun a mer hun missten en Ersatzpanneau drop maachen.

Sonndeg Mettes, 3. Manche vun 1,5 Stonnen:
Nodeems iwer Metteg d’Akkuen 3 Stonnen laang gelueden gi sin, hun eis Fuerer Jeff an Frédéric ouni Problemer ennert zum Schluss sintflutartegen Wiederkonditiounen d’Rennen zu Enn gefuer.

Et ass zum Schluss fir eng 4. Plaz duergaangen, an wann een d’Klassement kuckt, wéi no den 3., 4. an 5. beieneen louchen, dann geet trotz de Problemer matt dem Panel dest Resultat ganz an d’Reih!

Ech soen allen Bedeelegten villmols merci fir di gudd Arbecht, di am Virfeld an um Rennen selwer geleescht gin ass!





start_800x600

fahrerwechsel_800x600

on the run_800x600

arrivee en pluie_800x600

team e-lectrike solar

classement_800x600

À propos de l'auteur