Ausbildung zur Nohaltegkeet
Off
Op der Foire agricole zu Ettelbréck waren dëst Joer och erëm e sëlleche Lycéeën aus dem Norde vertruede fir hier Formatioune virzestellen. Um Stand vum Lycée Technique vun Ettelbréck gouf vu Proffen a Schüler déi nei Sektioun Ëmweltwëssenschaften (SE) virgestallt, eng Ausbildungsrichtung also, déi déi Jonk fit maache soll fir d’Erausfuerderunge vun eiser (Beruffs-)Welt vun haut. Lire la suite →