Comment are off

Schachklub 2020/2021

Denksport! Zesumme mat engem Trainer versiche mir iech dëst Spill a senger ganzer Logik an Ästhetik ze erklären.

Wien ka matmaachen? Jiddwereen
Verantwortlech Persoun/en Mootz Jean-Paul

(Jean-Paul.Mootz@education.lu)

Kuerzbeschreiwung vum Projet D’Schüler spillen zum Deel Schach ënnereneen a kréien zum Deel d’Theorie vum Schach erkläert, fir dass si souwuel Spaass um Spill hunn awer och pedagogesch eppes dovun droen, wann si hir Denkweis weiderentwéckelen.

Wéinst dem Coronaviru mussen d’Spiller d’ganz Aktivitéit iwwer déi  selwecht Figure benotzen an zum Schluss vun der Aktivitéit ginn all déi benotzte Figuren a Brieder desinfizéiert!

Zil vum Projet De Schüler ee Spill no brénge mat enger grousser Traditioun, dat hir Denkweis a Kompetenzen a ville Beräicher ka weiderentwéckelen. D’Schüler solle strategesch denken, abstrakt Zesummenhäng verstoen awer och e bësse soziale Kontakt kréien.
Unzuel vu Schüler (min/max) max. 10 Leit
Wou sinn d’Treffen? Sall 105
Wéini sinn d’Treffen ? Freides vu 15:00 – 16:00
Lafzäit vum Projet
Mir trainéieren 1 x d’Woch dat ganzt Schouljoer iwwer.
Umeldung bis ? Eng Umeldung am lafende Schouljoer ass zu all Zäitpunkt méiglech.

 

 

 

À propos de l'auteur
%d bloggers like this: