3. Koordinatiounstreffen Bielefeld (D)
Vum 28. bis den 30. September 2016 hunn d’Edite Lopes an d’Danielle Fohl um 3. Projetstreffe vum Heimat-Projet deelgeholl. Et goung beim Treffe virun allem drëm, sech mat deenen anere Projetspartner iwwert déi scho geleeschten Aarbecht auszetauschen fir esou kënne produktiv a konstruktiv weider ze schaffen.
Mir hun eis Unterrechtsunitéiten zum Thema Stereotyppe presentéiert an dofir ganz vill Luef an Interêt vun de verschiddene Partner kritt. Och d’Partnerschoulen hate vill interessant Initiativen ze bidden. Mir hu vun den Norweger iwwert d’Storyline Method geléiert an hun decidéiert selwer an deem Beräich weider ze schaffen. Och Iddie fir extra-curricular Aktivitéiten, wéi eng Broschür iwwert d’Refugiéeë kreéieren oder zesumme baken a bastele fir de Chrëschtmaart, sinn eis dobäi komm, wéi mir gesinn hu, wat aner Schoule scho probéiert haten, wéi zum Beispill een interkulturelle Moieskaffi (Tierkei) oder ee Maart (Norweger).
Am weidere Verlaf vum Treffen hun alleguer d’Proffe mat 7 Schüler aus enger internationaler Klass vu Bielefeld zesumme geschafft fir konkret Moossnamen ze fanne, wéi Schoul kann zu enger Aart Heimat fir d’Schüler ginn.
Aus 5 Themegebidder (Kommunikatioun, Integratioun, Engagement a Sozialiséierung) sinn da kreativ Iddien entstanen, déi a Form vu Sketcher a Rollespiller duergestallt goufen. Besonnesch d’Iddien an d’Andréck vun der internationaler Klass hun op den dréngenden Handlungsbedarf higewisen.
No villen interessante Presentatiounen hu mir dunn direkt weider mat der Zukunftswerkstatt-Method geschafft, fir bei alle Partner weider Impulser ze gi, fir e gutt Weiderschaffen am Projet ze erméiglechen. Bei all dem theoretesche Geschaffs ass de Spaass awer och net ze kuerz komm. Doduerch dass mir eis eenzel Grupperesultater ëmmer hi misse mat engem Rollespill dem Rescht vum Grupp presentéieren, hate mir eis gutt amuséiert. Nodeems mer déi erleedegt Aarbecht fäerdeg evaluéiert haten, hate mir eis fir dee leschten Dag e kulturellen Ausfluch op de Site vum Teutoburger Wald an op Osnabrück verdéngt.
Insgesamt sinn esou Treffen wichteg Erfarungen, déi fir all déi Bedeelegt eng immens Beräicherung duerstellen. Virun allem huet dat Treffe gewisen, dass Proffen aus 7 Natiounen a Schüler aus sechs Natiounen an enger ganz heterogener Grupp kennen zesumme fonctionnéieren. Virwaat soll dat dann net och an der regulärer Schoul fonctionnéieren?
Danielle Fohl an Edite Lopes