Am Schouljoer 1969/1970 gouf de CEMPE, och d’Mëttelschoul genannt, als eegestänneg Schoul an d’Liewe geruff, och wann eis Wuerzele bis an d’Nokrichszäit zréckginn. D’Bauaarbechten an der Avenue Salentiny sinn am Oktober 1969 op en Enn komm, an esou war de Grondsteen fir den heitegen Anniversaire geluecht. Ee Joerzéngt duerno koum duerch e Gesetz den Numm, deen och haut nach ëmmer besteet: de « Lycée Technique d’Ettelbruck ».

Mir feiere Gebuertsdag!

50 Joer LTEtt – E klénge Réckbléck op déi offiziell Feier

Dëst Schouljoer feiert de Lycée Technique vun Ettelbréck seng 50 Joer an dofir wor am Mäerz am CAPE eng grouss Gebuertsdagsfeier. Nieft dem aktuelle Personal haten awer och vill fréier Enseignanten a Frënn vum LTEtt de Wee an de CAPE fonnt. Si goufen direkt mat engem musikalesche Flashmob iwwerrascht, bei deem en Enseignant-Ensembel den Happy Birthday mat Instrumenter a verschiddenen Ecker vum Sall ugestëmmt huet.

Lire la suite →

50 Beem fir den LTETT – Gidd Pätter oder Giedel vum Projet!

Am Zeeche vun der Nohaltegkeet hu mir geplangt, fir 50 Beem an Ettelbréck ze planzen. Dëse Projet vun 2 Schüler, dem Simon an Alex vun eiser neier Sektioun Ëmweltwëssenschaften, kompenséiert den CO2-Ausstouss, dee bei der Produktioun vun der geplangter Solar-Anlag um Dach vun der Sportshal entsteet.

Lire la suite →

Gesicht: Ancien an/oder Frënd vum LTEtt

Am Kader vun eise Feierlechkeete siche mir Leit déi duerch eis Schoul gaange sinn; déi eng an der Schoulbänk, anerer hannert dem Pult, fir net déi ze vergiessen, déi op déi eng oder aner Manéier fir eis Schoul do waren. Dofir wiere mir frou wann Dir Iech an eis Lëscht géift aschreiwen, da kritt Dir zu deene jeeweilege Geleeënheeten Informatiounen zougeschéckt.

Link fir op de Formulär

D’Geschicht vun eisem Lycée

Hei fannt Dir deemnächst Texter a Biller zur Geschicht vum LTEtt, déi an de Broschüren vun 1994 an 2002 verëffentlecht goufen!

Filmer zum 50. Gebuertsdag

50 Joer LTEtt heescht fir mech…


 
 

Merci fir är léif Wierder:

Francis Schartz a Lucien Klein (fréier Direkteren)

Guy Kayser (Sekretär säit 30 Joer)

Yves Mersch (Service Technique)

Aloyse Metzen (fréiere Schüler)

Pit Crochet / Alexia Laptes / Alicia Lage Santos / Roy Reding (aktuell Schüler)

Iris May / Guy Putz / Christiane Lippert / Sonja Laures (Enseignanten)

Sandra Schmit (SePAS).

D’Buch zum 50. Gebuertsdag

Eist Buch “50 Joer Lycée Technique vun Ettelbréck” kënnt Dir fir de Präis vun 30 Euro bei eis am Lycée kréien. Bestellt Ären Exemplar iwwert 50Joer@ltett.lu oder iwwert d’Telefonsnummer 819201-301!

Lire la suite →