Am Kader vun hirem ORGES-Cours hunn d’Schüler vun der 2GCC/F d’Thema Ergonomie op der Aarbechtsplaz op eng praktesch Aart a Weis entdeckt. Dofir hunn si de Büro vun hirem Direkter, dem Här Fries, besicht an analyséiert.
D’Schüler hunn de Raum genee ënnert d’Lupp geholl, verschidde Moosse geholl an hiert Wëssen aus dem Cours agesat. Uschléissend konnten si dem Här Fries hire Feedback ginn an him Froen zu der Gestaltung vu sengem Büro stellen. Hien huet hinnen dobäi wäertvoll Erklärunge ginn, firwat hie seng Aarbechtsplaz esou ageriicht huet.
Als Bonus konnten d’Schüler och nach d’Büroe vum Här Scholtes an Här Storck besichen a verschidden Aarbechtsplaze matenee vergläichen.
Eng flott a praxisno Aktivitéit, bei där d’Schüler hiert Wëssen direkt uwende konnten!
This website uses cookies to improve your experience. We'll assume you accept this policy as long as you are using this websiteAcceptView Policy