Den 2. Juli huet d’Klass 6G3 een Ausfluch op Dikrech ënnerholl.
Moies um 8:40 hunn si de Bus geholl, deen si direkt op Dikrech gefouert huet. Do hunn si dunn dee flotte Spadséiergang „Ieselstour“ gemaach. D‘ Wieder war hëtzeg a si sinn en héije Bierg opgetrëppelt. Nodeems si d’Natur genoss hunn, hunn si bei enger Hütt mam Ball gespillt a bëssen am Schied gerascht.
Weider goung den Tour dono bis an den Zentrum vun Dikrech, wou si sech, no den Ustrengunge vu Moies, beim Ieselsbur an der Foussgängerzon erfrëscht hunn. D’Stëmmung war mega entspaant a si hate vill Spaass.
Fir d’Mëttegiesse waren si an eng Pizzeria wou si eng gutt Pizza a Nuddele genoss hunn.
Zum Ofschloss hunn d’Proffen hinnen nach eng gutt Glace spendéiert, ier et um 14 Auer erëm op de Wee zeréck op Ettelbréck gaangen ass.
Et war e flotten Dag, deen si all trotz grousser Hëtzt als Klass genoss hunn.
This website uses cookies to improve your experience. We'll assume you accept this policy as long as you are using this websiteAcceptView Policy