Den 9. Februar hunn de Claude Turmes an de Frank Engel, Membere vum EU-Parlament de LTEtt besicht.

Als Ofschloss vun der Expo „Frontières“ [Link], déi vum 22. Januar bis den 9. Februar 2018 am LTEtt ausgestallt war, hu Freides, den 9. Februar eng Rei vun Aktivitéiten zum Thema Grenzen an Europa stattfonnt. D’Schüler vum Lycée konnten sech hei an Atelieren, déi souwuel vu Schüler, wéi och vun Enseignanten oder Invitéë vu baussen ugebuede goufen, op verschidden Aarte mat dësen Themen ausenanersetzen. D’Panoplie vun den Aktivitéite goung iwwer eng „Mannequin Challenge“, e Rollespill zum Thema politesch Systemer, d’Zeechne vu Europa-Kaarten, en Europa- Quiz bis zum Verfaasse vu Gedichter zum Thema Europa. Besonnesch impressionnant war den Temoignage vun engem jonke Mann aus dem Afghanistan, deen de Schüler iwwer säi wäiten a schwéiere Wee bis op Lëtzebuerg erzielt huet.

D’Éieregäscht vum Dag waren di zwee Lëtzebuerger Europa-Deputéiert Claude Turmes an Frank Engel. Am Kader vun hirer Visite hunn si d’EPAS-Plaquette ageweit, déi de LTEtt am Juli 2017 kritt hat [Link op http://www.ltett.lu/2017/07/05/7738]. Zënterhier ass den LTEtt nämlech eng offiziell EPAS-Schoul, dat heescht eng Botschafter-Schoul vum Europäesche Parlament. Bei dëser Geleeënheet sinn déi zwee EU-Vertrieder kuerz op déi wichteg Roll vum Europa-Parlament agaangen.

Uschléissend stoungen déi zwee Invitéen am Festsall ronn 160 Schüler Ried an Äntwert. Dobäi goufen Theme wéi d’Flüchtlingsproblematik, d’EU-Erweiderung, d’Legaliséierung vu Cannabis an d’Ofschafe vun der Summerzäit diskutéiert. Ofschléissend huet sech de Schüler nach d’Méiglechkeet gebueden ze erzielen, wat se an hiren Ateliere geschafft hunn.

Skip to content