Op der Foire agricole zu Ettelbréck waren dëst Joer och erëm e sëlleche Lycéeën aus dem Norde vertruede fir hier Formatioune virzestellen. Um Stand vum Lycée Technique vun Ettelbréck gouf vu Proffen a Schüler déi nei Sektioun Ëmweltwëssenschaften (SE) virgestallt, eng Ausbildungsrichtung also, déi déi Jonk fit maache soll fir d’Erausfuerderunge vun eiser (Beruffs-)Welt vun haut.
Mat Hëllef vu flotten Ateliere goufen de Visiteuren alternativ Méiglechkeete gewisen, fir Energie ze gewannen. Wärend déi ganz Kléng sech e Wandrad bastele konnten an hiert Wierk och am Wandkanal teste konnten, goufen déi méi Grouss op de Vëlo gesat a si gewuer ginn, wéi vill Energie si mussen asetze fir e bëssi Stroum ze gewannen.

 

Skip to content