Den 10. Oktober 2018 stoung ganz am Zeeche vun de Jonken als responsabel Bierger. Eng 160 Schüler hunn un enger Table Ronde deelgeholl, déi vun der Jugendkonferenz (CGJL) organiséiert gouf. Invitéë ware Vertrieder vun de Jugendorganisatioune vun den eenzele Parteien.

Ënnert der Moderatioun vum Philippe Ternes hunn de Michel Lemaire (ADRenaline), Sonia Conzemius (CSJ),  Tanja Duprez (déi jonk gréng),  Thoma Forgiarini (déi Lénk Jeunes), Marie Muller (JDL), Joshua Ginter (Jonk Piraten/PID) an de Bob Steichen (JSL) de Jonke, während zwou Stonnen, Ried an Äntwert gestanen zu aktuelle politeschen Themen. Et war en animéierten Debat iwwert Mobilitéit, Legaliséierung vu Cannabis, de responsabelen Ëmgang mat de Ressourcen a Punkto Alimentatioun, Plastik, a.s.w.

Parallel dozou hunn eng 90 Schüler sech, duerch verschiddenen Aktivitéiten (Atelier-Debat, Infobus vum Jugendparlament) mat der Aarbecht vum Jugendparlament beschäftegt a wéi en sech als Jonken aktiv ka bedeelegen a seng Iddien abréngen.

D’Schüler aus dem LTEtt haten am Preau Méiglechkeet op zwee Stänn, vum Zentrum fir politesch Bildung a vun der Conférence générale de la Jeunesse luxembourgeoise, weider Informatiounen iwwert Participatioun a Politik ze entdecken.

Skip to content