Den Hugo Barra Baía vun der 4GCM huet um 52. Kongress vun Intersteno zu Cagliari (Sardinien) deel geholl.
Dat ass eng Weltmeeschterschaft wou ennert anerem “Séier Tippen” gepréift gëtt. Hien ass an senger Alterskategorie den 12. ginn. Am ganzen waren 29 Länner, 5 Kontinenter an iwwert 420 Leit vertrueden.
Hien ass begleet ginn vum Marylène Brito an Pascale Kasel aus dem Lycée technique vun Ettelbréck an dem Nicole Gangolf an dem Josiane Funck aus dem Maacher Lycée als Vertrieder vun der AETCO (Association des Enseignants en Techniques de Communication et d’Organisation). Nieft dem interessanten professionellen Deel gouf et och interessant kulturell Ablécker.

Categories: News

Skip to content