Am Kader vun der Sektioun Sciences Environnementales (SE) gouf och dëst Joer erëm e Kick-Off organiséiert, wou Schüler a Proffen zesummen drun deelgeholl hunn.

 

Well t’Wieder moies gutt war, hu mir eis zesumme mat eise schoulinterne Vëloen op de Wee op Biissen gemaach, wou mer mat frëndlecher Ënnerstëtzung vun der Amicale „Fräiwelleg Pompjëen Biissen“ t‘Raimlechkeeten vun hierem Pompjeesbau fir eis Seminären benotze konnten.

An de Seminären kruten eis nei Schüler op der 2GSE déi 6 Themen vun der SE virgestallt (Loft, Waasser, Buedem, Mobilitéit, Energie an Offall) an en Abléck an de Programmoflaf vun dem Schouljoer, ënner anerem vun dem Fach „Études de cas“ (ETCAS) a Projet Personel (PROPE). Duernoten hunn och eis Schüler vun der 1GSE hier Aarbeschten vum läschte Joer présenteiert a stungen fir all Froen Ried an Äntwert.

No engem gudde Mëttegiessen (selwer gekacht mat Bio-Produiten) goung et du mam Fierschter aus der Gemeng Biissen, dem Serge Reinardt an de Bësch, den eis en Abléck an déi haiteg Forstwirtschaft an eis e sellischen Erklärungen an Anekdoten konnt ginn, déi ganz am Kader vun eise 6 Themen vun der SE gestanen hunn.

Zum Schluss gouf de Kick-Off-Event bäi engem gemittleche Grillowend ausklénge gelooss.

Merci op dëser Platz nach eng Kéier der Amicale „Fräiwelleg Pompjëen Biissen“, dem Fierschter vu Biissen an eise Schüler vun der 1GSE.

Categories: News

Skip to content