Windmobile um Science Festival 

 Vum 7. November bis den 10. November 2019 huet de Projet Windmobile aus dem Lycée Technique vun Ettelbréck um Science Festival deelgeholl.

Donneschdes den 7 November hunn de Will Reiter an de Guy Putz zesummen mat der Klass 1TPEE (Première Techniker Klass) de Noah Massen (5G4) an Diego Garcia (4GIG) di 4 Atelieren geleet.

Donneschdes hunn 80 Schüler aus dem Fondamental an aus Lycéeën un eisen Aktivitéiten deelgeholl. Si konnten um Stroumlo Stroum produzéieren, am Wand Kanal verschidden Modeller testen, e pabeiers Wandrad bastelen an si kruten den Windmobil an aner Wandmillen gewisen. 

Freides huet DP3EE aus dem LTEtt nieft dem Chrochet Gilles, Winkin Laurent, Reiter Will na Guy Putz d’ Atelier ’en geleet. Freides waren knapps iwwert 100 Schüler an eisen Atelier ‘en. 

Freides Owes op der offizieller Ouverture huet sech och nach Kulturministesch iwwert de Projet Windmobile informéiert. Si krut och vum Nic an Edis den Atelier mam Stroum Vëlo erkläert.  

Samschdes an Sonndes waren och eng Rei Proffen, Schüler an Mataarbechter aus dem LTEtt déi di verschidden Atelier ’en geleet hunn. Mir haten déi zwee Deeg zesummen nach emol iwwert 800 Visiteuren op eisem Stand.

Mat de Kanner goufen am ganzen méi wéi 600 pabeiers Wandmillen gebastelt an vill vun de Visiteuren hunn sech um Stroum Vëlo ofgestrampelt oder sinn eppes iwwert déi verschidden Typpen vun Wandrieder beim Wand Kanal gewuer ginn. 

Categories: News

Skip to content